Rochus vu Montpellier

chrëschtlechen Hellegen
(Virugeleet vu(n) Hellege Rochus)

De Rochus, och nach Rochus vu Montpellier (oder (fr) Roch de Montpellier), an der kathoulescher Kierch als Hellege Rochus bekannt, ass e chrëschtlechen Hellegen, dee virun allem zum Schutz géint d'Pescht ugebiet gouf.

Rochus vu Montpellier
Den Hellege Roch gëtt vu Christus als Patréiner vun deenen ernannt, déi un der Pescht leiden (Peter Paul Rubens, ëm 1623 / 1626)
Titel
Biographie
Gebuer 1295 jul.
Montpellier
Gestuerwen 16. August 1327
Montpellier
Aner Informatiounen
Reliéisen Uerden Drëtten Uerde vum hl. Franziskus
Statut Thaumaturg
Gedenkdag 16. August
Graf vum Rochus an der Rochuskierch zu Venedeg

Den hellege Rochus gouf der Legend no zu Montpellier als Bouf vun aflossräichen Eltere gebuer. Nodeem seng Eltere gestuerwe waren, wéi hien ongeféier zwanzeg Joer al war, huet hien all seng Räichtemer ewechginn an huet sech op de Wee op Roum gemaach. Ënnerwee huet hien a ville Klinicke Peschtkranke gehollef; hien huet se geheelt andeems hie gebiet huet, d'Kräiz iwwer se gemaach huet oder hinnen d'Hand opgeluecht huet.

Op sengem Réckwee ass hien zu Piacenza, enger Stad am Norde vun Italien, selwer un der Pescht erkrankt. Doropshin huet e sech an e Bësch net wäit vun der Stad zeréckgezunn, wou e sech eng einfach kleng Schauteng gebaut huet. Hei huet e kënnen iwwerliewen, well all Dag en Hond mat engem Läif Brout am Mond bei hie komm ass. No enger Zäitchen ass dem Hond säi Meeschter opmierksam ginn an ass sengem Hond nogaangen, sou datt hien de Rochus fonnt huet. Hien huet en zeréck an d'Stad bruecht, wou de Rochus konnt geheelt ginn.

Nodeem hien erëm doheem zu Montpellier ukomm war, gouf en an de Prisong gehäit, well hie fir e Spioun gehale gouf. Wéinst senge Läinzeechen, déi hie vu senger Peschterkrankung kritt hat, ass hien net méi erëmkannt ginn. Hien huet säin Numm awer net verroden, well hien net wollt fräigelooss ginn, nëmme well seng Elteren sou aflossräich waren. Sou ass hien no fënnef Joer am Prisong da gestuerwen. No sengem Doud hunn d'Leit vu Montpellier hien dunn erëmkannt: hien hat ee kräizfërmege Schéinheetsfleck op senger Broscht, deen d'Leit vu Montpellier du mat him a Verbindung bruecht hunn.

Duerstellung

änneren

De Rochus gëtt mat enger Peschtbëlz um Been duergestallt, ob déi hie weist. Meeschtens huet hien e Pilgerhutt un an ee Wanderstaf an der Hand. E weideren Attribut ass den Hond, deen him Brout bruecht huet. Heiansdo gëtt en och mat engem Engel duergestallt, well enger anerer Versioun vun der Legend no, huet en Engel sech ëm hie gekëmmert, wéi hie krank war.

Veréierung

änneren

Dem Rochus säin Dag ass de 16. August; hie gëtt ugebiet:

Hien ass de Patréiner vun de Peschtkranken, den Invaliden, den zu onrecht Ugekloten, vun den Hausdéieren a vun de Chirurgen.

Éierungen

änneren

Fir un de Rochus vu Montpellier z'erënneren, sinn zu Lëtzebuerg eng Partie Stroossen (Rue St. Roch) no him genannt: zu Sir an zu Rëmerech.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Rochus vu Montpellier – Biller, Videoen oder Audiodateien