Jean-Georges Scholtus
däitsch-belsche Sculptuer
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean-Georges Scholtus, ëm 1680 zu Bonn gebuer, a gestuerwen den 19. Juli 1754 zu Baaschtnech, war e Sculpteur a Konschtschräiner deen haaptsächlech an der Géigend vu Baaschtnech gewierkt huet.
Jean-Georges Scholtus | |
---|---|
Gebuer |
1680 Bonn |
Gestuerwen |
19. Juli 1754 Baaschtnech |
Nationalitéit | Kurköln |
Aktivitéit | Sculpteur |
Hien ass besonnesch bekannt wéinst senge geschnëtzten Hellegebiller, déi a munnechen Duerfkierche stinn.
Zu Baaschtnech huet hie bis zu sengem Doud e Skulpturatelier geleet. Do ass och eng Strooss no him benannt.
Aarbechten
änneren- Haaptaltor an der Bartrenger Kierch
- Altor a Statuen an der Kierch zu Bauschelt;
- Altär a Statuen an der Parkierch vu Bungeref;
- Haaptaltor an der Heeschpelter Kapell
- Haaptaltor an der Päreler Kierch
- Monumentalen Héichaltor, d'Säitenaltär, d'Beichtstill, d'Statuen, de Schaf an der Sakristei, de Priedegtstull, d'Kommuniounsbänk an d'Holzverkleedung vun de Maueren an der Kierch zu Pënsch;
- Haaptaltor an der Nikloskapell vu Soller
- Haaptaltor an der Kierch zu Tavigny
- D'Miwwelen an der Kierch zu Eeschwëller
- D'Miwwelen an der Kierch zu Feelen
- D'Miwwelen an der Wäicherdanger Kierch
- D'Miwwelen an der Kapell zu Heeschtert am Areler Land
- D'Miwwelen an der Kierch vu Rachamps bei Baaschtnech
- De Priedegtstull an der Réidener Kierch
- De Priedegtstull an der Kierch Saint-Pierre vu Baaschtnech.
- E Schaf, deen am Musée en Piconrue zu Baaschtnech ze gesinn ass.
- Aarbechten an der Diänjener Kierch
Literatur
änneren- Jean-Georges Scholtus, maitre menuisier et tailleur d'images (1680? - 1754); e Katalog vun 183 Säiten, erausgi vum André Neuberg, an deen am Musée en Piconrue zu Baaschtnech ze kréien ass.