Als Äerzengel (aus dem Griicheschen ἄρχω archon "den éischten" an άγγελος ángelos "Iwwerbrénger") gëtt am Juddentum, Chrëschtentum an am Islam ee vun den Engele bezeechent, deen an der Engelhierarchie a fir de Glawen eng besonnesch grouss Roll spillt. Nëmmen de Méchel gëtt an der Bibel als Äerzengel genannt, an nëmmen dräi Engelen an der Bibel ginn iwwerhaapt mat Numm genannt. Deen een ass den Äerzengel Méchel (Daniel 10:13; 12:1, Judas 9, Offenbarung 12:7), déi aner Engele sinn de Gabriel (Daniel 8:16, 9:21; Lukas 1:11-20, 26-28) an de Raphael (Tobit 5:4-12:22); mä och aner Engelen ginn an der Traditioun als Deel vun enger Grupp vun Äerzengele verstan.

Äerzengelen an der chrëschtlecher Relioun änneren

Am Chrëschtentum gouf bis an d'Mëttelalter analog zu der jiddescher Traditioun d'Existenz vun dräi oder véier Äerzengelen (mat respektiv ouni "Uriel") geléiert:

  • Gabriel
  • Méchel
  • Raphael
  • Uriel

Virun allem de Méchel als Engel vum "Weltgeriicht" vun der Apokalyps an de Gabriel als "Botschafter"-Engel vun der Verkënnegung un d'Maria, ware wäit bekannt a beléifte Figuren an der chrëschtlecher Konscht. Eng Véierergrupp mam Uriel gouf virun allem am ostchrëschtleche Raum geéiert. Déi tatsächlech Zuel, wéi och d'Stellung vun den Äerzengele gouf bis an d'spéit Mëttelalter vun den Theologen an der Angelologie diskutéiert.

Haut ginn Engelen an Äerzengele meeschtens als privat Glawenssaach ugesinn a sinn, an den Haaptstréimunge vun de verschiddene Kierchen, keen zentralen Diskussiounsgéigestand méi.

Äerzengel Méchel änneren

Am Juddentum gëtt de Méchel zesumme mam Gabriel als Schutzengel vum Vollek Israel genannt. Der Traditioun no wier hie ganz aus Schnéi, dofir gëtt him och d'Metall Sëlwer associéiert.

An der chrëschtlecher Relioun ginn dem Méchel virun allem zwou wichteg Rollen zougeschriwwen. Als "Kommandant" vun der himmlescher Sträitmuecht (wat erkläert firwat en als Patréiner vun den Zaldoten ugesi gëtt) ass e responsabel fir d'Erstierme vun der Hell, wou en den Däiwel, a Gestalt vun engem Draach, bezwéngt. Déi lescht Wierder, déi de Satan dobäi soll héieren hunn, waren: "Wien ass wéi Gott?" - eng wiertlech Iwwersetzung vu Mi-ka-el, wat d'Etymologie vu sengem Numm erkläert.

Seng zweet Funktioun ass d'Weie vun de Séilen. Um Dag vum Jéngste Geriicht riicht hien iwwer den Doudegen hir Séilen. Symbolesch gëtt him sou nieft dem Schwäert och nach d'Wo zougeuerdnet. Dacks gëtt en och als wichtegste vun den Äerzengelen ugesinn, wat och u senge wichtege Funktioune läit.

Am Islam ass de Méchel als Mika'il oder als Mikal bekannt. Hien zielt och hei zu de véier Äerzengelen a kënnt an der Hierarchie op zweeter Plaz nom Jibrail (Gabriel). Déi zwéin aner sinn den Azrael an den Israfil.

Zu Lëtzebuerg ass dem Äerzengel Méchel net nëmmen d'Méchelskierch an der Stad mam Méchelschouer[1] geweit, mä och nach d'Kierchen zu Beefort, Buerschent, Boukels, Garnech, Hueschtert, Kanech, Knapphouschent, Colmer-Bierg, Kierchen, Miersch, Munneref, Nuechtmanescht, Rouspert a Viichten. Doriwwer eraus gëtt et och d'Confrérie Saint-Michel[2], d'Uertschaften Méchelbuch a Méchelshaff an zu Miersch d'Méchelsplaz, zu Kënzeg de Méchelsbierg, wéi och nach dräi Méchelbaachen. Donieft huet och e Stärerestaurant säin Numm. Bei Diddenuewen gëtt et eng Côte Saint-Michel, an an der Normandie de Mont-Saint-Michel.

Äerzengel Gabriel änneren

De Gabriel ass en Engel, dee Gott als "Botschafter" déngt. Hie seet am Evangelium vum Lukas d'Gebuert vum Jesus an och déi vum Jang dem Deefer viraus. Hie gëllt als Patréiner vun der Telekommunikatioun, de Postaarbechter an den Diplomaten.

Äerzengel Raphael änneren

De Raphael (laténgesch Schreifweis fir Rafael; hebräesch: רפאל rafa'el; op Lëtzebuergesch „Gott heelt“) trëtt am Alen Testament ausschliisslech am Buch Tobit op. Hien ass den Engel, deen dem Tobias säi Gebiet héiert, an en dann op senger Rees begleet a säi Papp, den Tobit, dee blann ass, heelt. Dowéinst gëtt de Raphael als Patréiner vun de Kranken an den Apdikter, mä och vun de Reesender, de Pilger an den Auswanderer ugesinn.

Äerzengel Uriel änneren

Dem Uriel seng Funktioun ass et, déi Verstuerwe bei d'Jéngst Geriicht ze féieren. Seng Stellung als Äerzengel huet den Uriel allerdéngs verluer, nodeem, aus kierchlecher Siicht, ze vill Leit ugefaangen hunn, zu de verschiddenen Engelen (amplaz zu Gott) ze bieden.

Referenzen änneren

  1. Websäit vun der Chorale Saint-Michel
  2. Websäit vun der Confrérie Saint-Michel

Um Spaweck änneren

Commons: Äerzengelen – Biller, Videoen oder Audiodateien