D'Kierch zu Néngsen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert.

Kierch vun Néngsen
Filialkierch vun Néngsen (2015)

Filialkierch vun Néngsen (2015)
Filialkierch vun Néngsen (2015)
Uertschaft / Plaz Néngsen
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Markus
Koordinaten 49° 52’ 36.2’’ N
      05° 53’ 07.4’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Markus, deem säi Fest de 25. Abrëll gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Duerfzentrum op der Haaptstrooss, dem CR307.

Den 9. September 2021 gouf d'Kierch proposéiert, als nationaalt Monument klasséiert ze ginn. Begrënnt gouf dat wéinst dësen Elementer: déi stenge Rumm vun der Dir vum Klackentuerm, d'Agankspaart am barocke Stil, den Tuerm vun 1870 mat den zwou Klacken "Saint-Marc" a "Marie" vun 1880, véier Fënsteren am neo-romanesche Stil, Molereien aus dem 16. a 17. Joerhonnert, Holzskulpture vu véier Hellegen, de Chouer am Kräizrëppegewëllef, d'Wope vun den Häre vu Grümmelscheid an den Ofschlosssteen vun enger Sail mat engem Mënschekapp, deen am Volleksmond Juddekapp genannt gëtt.[1]

Den 5. Abrëll 2022 gouf si dann och als Nationaalt Kulturierwe klasséiert.[2]

Geschicht änneren

Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vun Néngsen d'Filialkierch vun der Par Ënsber, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Ënsber huet ausser der Filialkierch vun Néngsen och nach d'Parkierch vun Ënsber an d'Kapell vu Lëlz gehéiert.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Néngsen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Ungeahnter Schatz, Die zunächst unscheinbar wirkende Kirche von Neuhausen wird unter Denkmalshutz gestellt., Luxemburger Wort, 27. 07. 2021, S. 19
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).