Eise Papp (och: Gebiet vun eiser Här oder Pater noster) ass dat wuel bekanntst Gebiet vum Chrëschtentum an dat eenzegt, dat de Jesus selwer dem Neien Testament no seng Jünger geléiert huet. Et gëtt vu Chrëschte vu bal alle Kierchen a Konfessioune souwuel an der Mass wéi och privat gebiet.

De griicheschen Urtext aus der Bibel gëtt haut ëmmer méi dacks och op Lëtzebuergesch iwwersat gebiet:

Eise Papp am Himmel,
gehellegt sief däin Numm / däin Numm sief gehellegt.
Däi Räich soll kommen,
däi Wëll soll geschéien
wéi am Himmel sou op der Äerd.
Gëff eis haut eist deeglecht Brout,
verzei eis eis Schold,
wéi mer och deene verzeien,
déi an eiser Schold sinn.
Féier eis net an d'Versuchung,
mee maach eis fräi vum Béisen.
Well däint ass d'Räich an d'Kraaft
an d'Herrlechkeet an Éiwegkeet / an d'Herrlechkeet fir ëmmer an éiweg.
Amen.

(Et gëtt zwou gebräichlech Versiounen; déi éischt ass déi méi richteg!)

Um Spaweck änneren


Commons: Pater noster – Biller, Videoen oder Audiodateien