Den Ulrich Lindow, gebuer de 16. Mäerz 1949 zu Mölln am däitsche Bundesland Schleswig-Holstein, ass en däitsche Sculpteur, dee mat verschiddenstem Material schafft.
Hie wunnt zu Schobüll, an enger klenger Gemeng am Krees Nordfriesland, net wäit ewech vun Husum op der Nordséiküst.

Ulrich Lindow
Gebuer 16. Mäerz 1949
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sculpteur

1996 huet hie bei engem Skulptursymposium ënner der artistischer Leedung vum Pit Nicolas zu Bilschdref matgemaach.

Den Ulrich Lindow huet fënnef Joer un der Restauratioun vun der Kierch zu Ënsber geschafft.

Aner Wierker zu Lëtzebuerg änneren

  • Den Ambo a sechs Käerzestänneren an der Parkierch zu Dol, déi de 4. Mee 2008, bei Geleeënheet vun der 200 Joresfeier vun der Kierch, ageweit goufen.
  • En neien Altor an en neien Ambo an der Kierch Äischen, déi am November 2008 geweit, respektiv geseent, goufen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren