Phoebe (Mound)

Saturnmound

De Phoebe (oder: Saturn IX) ass e Mound vum Planéit Saturn.

Phoebe
Saturnmound Phoebe opgeholl vum Cassini-Huygens den 11. Juni 2004.
Entdeckung
Entdecker W. H. Pickering
Datum vun der Entdeckung 16. August 1898
Date vum Orbit
Hallefachs 12,952,000 km
Exzentrizitéit 0,163
Ëmlafzäit 550,479 Deeg
Inklinatioun 175,3°
Physikalesch Daten
Mëttleren Duerchmiesser 220 km
Fläch 150.000 km²
Mass 4,0 × 1018
Dicht 1,63 g/cm3
Gravitatioun op der Uewerfläch 0.039 m/s2
Sideresch Rotatioun 9h 30m
Fluchtvitess 93,4 km/s
Albedo 0,081 ± 0,002
Visuell Magnitude 16,5m
Uewerflächentemperatur 78 bis 112 K

De Phoebe huet en Duerchmiesser vun 220 km, seng Distanz zum Saturn ass 12.952.000 km an d'Ëmlafzäit ass 550 Deeg.

Entdeckung änneren

De Phoebe gouf am Joer 1899 vum William Henry Pickering op fotografesche Platten entdeckt, déi de 16. August 1898 vum DeLisle Stewart zu Arequipa am (Peru) beliicht gi war. Et war deen éischte Mound, deen op fotografeschem Wee entdeckt gi war. Seng genee Ëmlafbunn konnt eréischt am Joer 1905 vum Frank Elmore Ross bestëmmt ginn.

De Mound gouf no der Titanin Phoibe aus der griichescher Mythologie benannt.

Date vu senger Bunn änneren

Méi wéi honnert Joer laang huet de Phoebe als de baussenzegste Saturnmound gegollt, bis am Joer 2000 nach e puer Trabanten entdeckt goufen, déi nach méi wäit ewech sinn.

De Phoebe ass véiermol méi wäit vum Saturn ewech, wéi säin nächste gréissere Noper, de Mound Iapetus.

De Phoebe an de Iapetus sinn déi eenzeg grouss Mounden am Saturnsystem, deenen hir Bunnen net am Equatorialplang vum Planéit leien.

Dem Phoebe seng Bunn ass 175,3° géintiwwer vum Saturn sengem Equatorialplang gekippt, woumat hien eng retrograd Bunn huet, d. h., hie leeft géint d'Rotatiounsrichtung vum Saturn ëm de Planéit. Dobäi huet seng Bunn eng méi kleng Schréi par Rapport zu der Ekliptik, wéi zum Equatorialplang vum Saturn.

Opbau a physikalesch Eegenschaften änneren

De Phoebe ass bal kugelfërmeg an huet e mëttleren Duerchmiesser vun 220 km. Hie rotéiert an 9 Stonnen an 30 Minutten ëm seng eegen Achs an huet domat am Géigesaz zu den anere grousse Saturnmounden (mat Ausnam vum Hyperion) keng gebonne Rotatioun. D'Rotatiounsachs ass ëm 26,183° aus der Senkrechter gebéit. Op hirerUewerfläch sinn, jee no Sonnenastralung, Temperature vun −198 °C bis −161 °C.

Déi meescht grouss Saturnmounde hunn eng ganz hell Uewerfläch; dogéint ass déi vum Phoebe mat enger geometrescher Albedo vun 0,081[1] extreem donkel. Et ginn nëmme ronn 6 % vum agestraalte Sonneliicht reflektéiert, soudatt d'Uewerfläch bal schwaarz erschéngt. Déi donkel Fierwung erënnert un organesch Verbindungen, wéi s'a primitive Meteoritten (z. B. kuelege Chondritte) virkommen. Dat léisst d'Wëssenschaftler unhuelen, datt et sech beim Phoebe ëm en agefaangenen Asteroid handele kéint.

Am September 1981 war d'Raumsond Voyager 2 op enger Distanz vun 2,2 Millioune Kilometer laanscht de Phoebe geflunn an hat éischt Fotoe vum Phoebe op d'Äerd geschéckt. Duerch déi grouss Distanz war d'Opléisung vun de Fotoen net besonnesch gutt, soudatt keng Detailer ze erkenne waren.

Den 11. Juni 2004 hat d'Raumsond Cassini-Huygens de Mound op enger Distanz vun nëmmen 2068 km passéiert an detailléiert Fotoen op d'Äerd geschéckt. D'Fotoen hu gewisen, datt d'Uewerfläch vum Phoebe extreem staark verkratert ass, woubäi Impaktkrater bis zu 80 km Duerchmesser ze gesi sinn. Ee vun de Krater huet e Rankwall vu 16 km Héicht.

Eng Auswäertung vun de Bilddaten hat erginn, datt d'Uewerfläch vum Phoebe déi héchst bis elo festgestallte Kraterdicht am Sonnesystem huet. D'Kraterdicht ass e Gradmiesser fir d'Alter vun der Uewerfläch vun engem Himmelskierper. De Phoebe soll no Informatioun vun der NASA mat 4,5 Milliarde Joer ongeféier sou al si wéi eist Sonnesystem selwer a gehéiert domat zu deenen Objeten, déi sech zanter hirer Genesis kaum verännert hunn.

No neieste Fuerschunge soll awer de Phoebe duerch bannenzeg Erhëtzung kuerz no senger Genesis sou waarm gi sinn, datt hien zu engem gréisstendeels ronnen Himmelskierper ginn ass[2].

D'Fotoen hu weider gewisen, datt d'Uewerfläch vum Phoebe vun enger dënner donkeler Schicht iwwerzunn ass, déi eng d'Déckt vun 300 bis 500 Meter opweist. Un de Kraterränn, wou déi donkel Schicht duerch Impaktevenementer opgerass ass, sinn hell Flecken ze gesinn. Hei gouf dat drënner leiend, wäisst Material erausgeworf. Doriwwer eraus goufe Spuere vun Kuelendioxid festgestallt, eng Verbindung, déi bis elo nach op kengem Asteroid nogewise konnt ginn.

 
Krater mat Spuere vu wäissem Material un de Ränner

Mat 1,63 g/cm3 huet de Phoebe ënner de grousse Saturnmounden nom Titan déi zweethéchst Dicht. Hire Kär muss ausser Äis e groussen Deel vun dichtem Material hunn, méiglecherweis vu Silikatgestengs.

 
D'Bum vum Phoebe am Rank

Déi retrograd Bunn an d'Zesummesetzung loossen drop schléissen, datt de Phoebe ufanks en Zentaur war, dee vun der Gravitatioun vum Saturn agefaange gouf. D'Zentaure sinn eng Grupp vun Asteroiden aus der Kuiperceinture, déi sech op exzentresche Bunnen tëscht de Planéite Jupiter an Neptun ëm d'Sonn beweegen. Weidert Indiz fir déi Thees si vun der Raumsond Cassini opgehollen Uewerflächespektren, wou een erkennt, datt et op Phoebe gefruerene Kuelestoffdioxid an aner organesch Verbindunge wéi Cyanoverbindunge gëtt. Déi Stoffer goufe bis elo nëmmen op Koméiten an Objete vun der Kuiperceinture nogewisen.

D'Hypothes, datt beim Aschlag vu Mikrometeoritte fräigesat donkelt Material vun der Uewerfläch vum Phoebe fir déi donkel Verfierwunge vun de Mounden Hyperion a Iapetus verantwortlech kéinte sinn, krut en éischten handfeste Bewäis, wéi den Infraroutweltraumteleskop Spitzer e risege Rank mat klenger Dicht (10 bis 20 Partikel pro km³) entdeckt hat, dee sech op der Distanz vu 6 bis 18 Millioune km vum Saturn ëm d'Ëmlafbunn vum Mound Phoebe erstreckt.[3]

Bei gréisseren Aschléi kéinte Brochstécker an de Weltraum geschleidert gi sinn, déi elo als Mound wéi de Skathi, de Mundilfari, de Suttungr an de Thrymr ëm de Saturn kreesen. All déi Mounden, déi méi kleng wéi 10 km sinn, hunn eng änlech Ëmlafbunn wéi de Phoebe.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Phoebe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://ssd.jpl.nasa.gov/?sat_phys_par
  2. Stefan Deiters: PHOEBE, Neues vom mysteriösen Saturnmond, Datum: 27. Abrëll 2012, ofgeruff den 1. Mee 2012
  3. http://www.spiegel.de/wissenschaft/weltall/0,1518,653680,00.html