Organesch Chimie

Deelgebitt vun der Chimie
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Organesch Chimie ass deen Deelberäich vun der Chimie, dee sech mam Opbau an dem Verhale vu Moleküllen op Basis vu Kuelestoff-Verbindunge beschäftegt, déi och d'Bausteng vum bekannte Liewe sinn. Géigestéck ass historesch gesinn déi Anorganesch Chimie. Modern organesch Chimie këmmert sech drëm fir z. B. Medikamenter z'entwéckelen, dat gëtt als Totalsynthese bezeechent, a benotzt alles wat Chimie vun Technike ka bidden, fir dat Medikament hierzestellen. Dat heescht, datt hei souwuel Entwécklungen aus der katalystecher Chimie wei och aus den anere Chimien.

Meeschtens gi follgend Atomer gebraucht: C, H, O, N awer och: Cl, Br, I, S, P, As a Metaller: Na, Li, Mg, Zn, Cd, Pt, Ru, Sn

Bedeitung vun der Organescher Chimie

änneren

Organesch Chimie beschäftegt sech mat dem Liewegen, si analyséiert a probéiert Originne vum Liewen ze fannen. Si hëlt d'Natur als Inspiratioun fir nei Moleküllen ze schafen an domat de Wee zu neie Medikamenter opzemaachen. D'Originn vum Liewe wéi mir et kenne läit an der Chiralitéit an och déi probéiert organesch Chimie ze verstoen an z'imitéieren.

Grondelementer vum Liewen sinn d'Aminosaieren, d'Fetter an d'Zockeren. Déi Molekülle probéiert d'organesch Chimie net nëmmen nozebauen, mä och als Grondsteen fir Medikamenter an aner Substanzen ze benotzen wéi z. B. Seef. Ganz wichteg als Moleküllen, déi d'organesch Chimie beschäftegt, ass déi ganz geneetesch Apparatur mam ADN an et gëtt probéiert se besser ze verstoe an doropshi verbessert Methoden an Technike fir Biologen ze proposéieren.

Een aneren Deel vun den Aufgabe vun der organescher Chimie si Polymeren, Optoélectronique, mat den Entwécklungen am LCD an TFT-Bereich, molékular Netzwierker an Nanotechnoligie mat de Fullerenen an Nanotuben.

Aner Chimien hunn och hir Ufänk an der organescher Chimie

  • Petrochimie
  • Agrochimie
  • Liewensmëttelchimie

Heiansdo gëtt awer och méi theoreetesch geschafft an dëser Chimie, andeems Moleküllen ouni direkt Applikatiounen entwéckelt ginn, sou wei am Joer 2004 déi éischt Si-Si Trippelbindung. Dës kennen awer spéider zu wichtegen Néientdeckunge féieren.

Kuckt och

änneren

Literatur

änneren
  • Carl Schorlemmer: Ursprung und Entwicklung der organischen Chemie, Akademische Verlagsgesellschaft Geest & Portig, Leipzig, 1984.
  • H. Hart, L.E. Craine, D. J. Hart, C. M. Hadad, N. Kindler: Organische Chemie. 3. Oplo, Wiley-VCH, Weinheim 2007, ISBN 978-3-527-31801-8.
  • K.P.C. Vollhardt und N.E. Schore: Organische Chemie. 4. Oplo, Wiley-VCH, Weinheim 2005, ISBN 978-3-527-31380-8.
  • Heinz A. Staab: Hundert Jahre organische Strukturchemie. Ugewante Chimie 70(2), S. 37–41 (1958), ISSN 0044-8249.
  • Joachim Buddrus: Grundlagen der Organischen Chemie, Walter de Gruyter, Berlin – New York, 3. Oplo 2003, ISBN 978-3-11-014683-7.
  • Hartmut Laatsch: Die Technik der organischen Trennungsanalyse, Georg Thieme Verlag Stuttgart/New York 1988, ISBN 3-13-722801-8.
  • dtv-atlas Chemie (Hans Breuer): Band 2: Organische Chemie und Kunststoffe, 9. Oplo 2006, Deutscher Taschenbuch Verlag, ISBN 3-423-03218-9.
  • R. L. Shriner, R. C. Fuson, D. Y. Curtin, T. C. Morrill: The Systematic Identification of Organic Compounds – a laboratory manual 6. Edition, John Wiley & Sons New York/Chichester/Brisbane/Toronto 1980, ISBN 0-471-78874-0.

Um Spaweck

änneren
Commons: Organesch Chimie – Biller, Videoen oder Audiodateien