De Frank Elmore Ross, gebuer den 2. Abrëll 1874 zu San Francisco, USA a gestuerwen den 21. September 1960 zu Altadena (Kalifornien) war en US-amerikaneschen Astronom a Physiker.

Frank Elmore Ross
Gebuer 2. Abrëll 1874
San Francisco
Gestuerwen 21. September 1960
Nationalitéit USA
Educatioun University of California
Aktivitéit Physiker, Astronom
Member vun National Academy of Sciences

De Ross promovéiert am Joer 1901 op der Universitéit vu Kalifornien. 1905 gouf hien Direkter vun enger Statioun vum International Latitude Observatory zu Gaithersburg a Maryland. Vun 1915 un huet hien als Physiker bei der Eastman Kodak Company zu Rochester, New York geschafft. 1924 krut hien eng Plaz am Yerkes-Observatoire, wou hie bis zu senger Pensioun am Joer 1939 aktiv war.

1905 war him d'Berechnung vun der Ëmlafbunn vum Saturnmound Phoebe gelongen. Spéider huet hien och d'Bunne vun de Jupitermounden Himalia an Elara berechent. Wärend senger Aktivitéit bei Eastman Kodak huet hie fotografesch Emulsiounen entwéckelt souwéi Wäitwénkellënse fir den astronomesche Gebrauch.

Um Yerkes-Observatoire war hien den Nofollger vum Edward Emerson Barnard an hat deem seng Sammlung vu fotografesche Placken iwwerholl. De Ross hat dunn entscheet, dem Barnard seng Fotoserien ze widderhuelen an d'Placke mat Hëllef vun engem Blénkkomparater ze vergläichen. Op déi Aart a Weis huet hien iwwer 400 Verännerlech Stären a méi wéi 1.000 Stäre mat héijer Eegebeweegung entdeckt. Verschidde vun deene Schnellleefer, wéi de Ross 154, hu sech als Noper vun eiser Sonn manifestéiert.

Wärend der Oppositioun vum Mars am Joer 1926 hat hien de Planéit mat dem 1,5 m Spigelteleskop vum Mount Wilson-Observatoire fotograféiert, woubäi hie verschidde Faarffilteren agesat hat. D'Joer duerno hat hien Ultraviolett-Fotoe vun der Venus gemaach, wouduerch fir d'éischt Strukturen an der dichter Wollekendecke vum Planéit ze gesi waren.

Zu senger Éier gouf e Moundkrater Ross an no him an dem James Clarke Ross de Marskrater Ross genannt.

Um Spaweck änneren