Parkplaz
Eng Parkplaz ass en Terrain, op deem Gefierer wéi Autoen oder e Camionen ofgestallt ginn. Als Parkplaz gëllt eng Fläch, déi grouss genuch ass, fir een eenzelt Gefier, wärend op engem Parking Plaz fir méi wéi ee Gefier ass. E Parking op méi wéi engem Stack gëtt Parkhaus genannt.
Parkplazen a Parkinge fënnt een am privaten an am ëffentleche Beräich.
E Parking gëtt duerch d'Verkéiersschëld E, 23 ugewisen.
Eng speziell Zort Parkplaz ass d'Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Park and ride änneren
Park and ride(en) (och Park-and-ride oder Park & ride, dacks P+R oder P&R ofgekierzt) ass e Konzept, nodeem eng Persoun hiert Gefier op engem Parking ofstellt an da mam ëffentlechen Transport bis op hiert lescht Zil, dacks e Stadzentrum, fiert. Park and ride hëlleft och Verkéiersproblemer bei grousse Manifestatiounen (Sportveranstaltungen, Concerten, Fester, asw.) z'evitéieren.
Een Ënnerkonzept ass Park & Rail, dat sech op d'Ëmklammen op de Schinneverkéier limitéiert.
E Park and ride-Parking gëtt duerch d'Verkéiersschëlter E, 23b, E,23c oder E,23d ugewisen.
Park and ride Parkingen an der Stad Lëtzebuerg[1] änneren
Parking | Zuel Parkplazen[2] | Koordinaten | Ëffentlechen Transport | Bemierkung |
---|---|---|---|---|
Beggen | 160 (2) | 49° 39’ 01,9’’ N 6° 07’ 45,8’’ E | Bus AVL 10 an 11 | Parken ass gratis |
Bouillon | 2250 Parkhaus (28) + 200 baussen | 49° 35’ 59,16’’ N 6° 06’ 25,5’’ E | Bus AVL 1, 12, 15, 17, 24; CN1. | Parken ass déi éischt 24 Stonne gratis |
Kierchbierg | 260 | |||
Kockelscheier | 567 | 49° 33’ 56,8’’ N 6° 06’ 27,9’’ E | Bus AVL 18 | Parken ass déi éischt 24 Stonne gratis |
Lëtzebuerg-Süd | 835 (4) | 49° 34’ 42,8’’ N 6° 07’ 41,6’’ E | Bus AVL 22, 24, 29, 32 | Parken ass déi éischt 24 Stonne gratis |
Parking du Stade (Arelerstrooss) |
Parken ass net gratis |
Um Spaweck änneren
Commons: Car parks – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ [https://www.tout-luxembourg.com/parking/gratuit-p-r Websäit vun der Stater Gemeng (gekuckt den 28. Juni 2023)
- ↑ A Klameren, d'Zuel vun de Parkplazen fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit.