E Park drag ass eng Kutsch déi enger Road coach gläicht an der Ausféierung awer méi liicht a méi elegant gehalen ass. De Park drag och nach als Private coach oder Private drag bekannt, war ëmmer am Besëtz vu Privatleit, a gouf vun hinne fir hire perséinlechen Zäitverdreif benotzt. Dofir war e speziell ekipéiert, an hat seng Sëtzer am Kutschelanguage Imperialë genannt, an deeenen hir Récker meeschtens ëmgeklaptt konnte ginn, um Daach vun der Kutsch. Déi hënnescht Sëtzer, op deene Groome souzen, goufe vun Eisestangen, meeschtens Ronneisen an S-Form gedroen.

E Park drag gebaut 1887 vu Brewster (New York) gezunn vu véier Cleveland Bay, am Mäerz 2008 zu Valkenswaard an Holland.

De Park drag war besonnesch beléift bei Leit déi als Spectateur op Päerdscoursen dobäi waren, a sou vum héije Sëtz aus, d'Course déi sech um Hippodrom ofgespillt huet, gutt gesinn hunn. Soss gouf en awer och nach benotzt fir spadséieren ze fueren, a fir Picknicker ze maachen. Dofir hate se hannen eng grouss Mall, an där Äiskompartimenter waren. Dat ware Këschten déi banne mat Zénk oder Koffer ausgeluecht waren, fir datt ee sou de Schampes am Äis konnt kal halen. An engem Tirang goufen d'Glieser versuergt. Tëscht den Imperialë war e grousse Picknickskuerf, Lunch genannt[1]. Kleng Dëscher op Eisegesteller konnte virun de Sëtzer opgeriicht ginn, fir drop z'iessen.

Wéi déi meescht Coachen huet de Park drag en Train mat engem Laengkof oder Laangbam. Am Fall wou d'Kutsch op Strecke gefuer gouf, op deene se méi kuerz huet missen dréinen, gouf se op eng einfach Ophängung mat Pincetteressorten ouni Laangbam montéiert. An deem Fall heescht en Italieenesche Coach.

Den Numm Drag kënnt vun enger Course déi enger Parforcejuegd geglach huet, bei där d'Damme vum Daach vun der Kutsch aus nogekuckt hunn, iwwerdeems hir Männer op de Päerd Fänkes gespillt hunn.

Park drags goufen normalerweis als Véierspänner gefuer.

Kutschemodeller

CabrioletChar-à-BancsConcord CoachCoupé RockawayMalle-posteOmnibusPark dragRoof Seat BreakSkeleton-Tandem-CartSulkyWagonette-tonneau
Kuckt och: SchwunnenhalsgestellÀ la d'AumontFiaker

Referenzen änneren

  1. Voitures hippomobiles Säit 76