À la d'Aumont gëtt e Véierspänner genannt bei deem kee Kutscher op der Kutsch sëtzt.

D'Päerd gi vun zwéi Reider dirigéiert, d'Postillonen, déi op de lénkse Päerd sëtzen an déi riets mat der Baatsch dirigéieren.

D'Kutschen, déi bei sou engem Gespan benotzt ginn, hu kee Kutschersëtz an den Täissel ass ganz niddreg ubruecht fir datt en dem Reider säi Fouss net quetsche kann. Den Täissel huet och kee sougenannte Rüssel (fr:trompe, de:Deichselbrille), fir d'Zuchgeschir anzehänken. D'Rimmer vun de viischte Päerd sinn un deene vun den Täisselpäerd gekoppelt. Deenen hiert Gerimms ass erëm direkt um viischte Kutschegestell ouni Wo festgemaach.

Sou Gespaner gi bei Zeremonieën a Galassortië gebraucht. Hautdesdaags kann ee se nach gesi wann d'englesch Kinnigin an der Kutsch erausfiert, oder reegelméisseg bei den Demonstratioune vun der Garde républicaine zu Paräis.

La grande d'Aumont ass e Gespan dat fir d'offiziell Sortië vun de Monarchen oder Staatscheffe reservéiert war. Virum Gespan ass e Piqueur geridden, an hannendrun, zwéi sougenannt Garçons d'attelage.

Gespaner mat zwee Päerd an engem Postillon ginn à la demi d'Aumont genannt.

A Frankräich sinn déi Gespaner bekannt ginn, duerch den Herzog vun Aumont, a se kruten deemno och deem säin Numm.