D'Malle-poste war eng Kutsch déi a Frankräich fir den Transport vu Courrier an e puer Passagéier gebraucht gouf.[1]

Eng Malle-Poste, Modell Briska. Lithographie vum Victor Jean Adam am Musée national de la Voiture et du Tourisme zu Compiègne.

De Gebrauch vun der Malle-Poste ass um Enn vum 18. Joerhonnert opkomm, an déi lescht ass 1857 gefuer. An där Zäit gouf et verschidden Typpen déi am Stil vun enger Berline, Coupé oder Briska gebaut goufen.

Schrëftlech gëtt se fir d'éischt offiziell an engem Dekreet vun der Convention nationale vu 1793 ernimmt, dee proposéiert datt Spezialween fir den Transport vun Depêchen, Courrier an e puer Passagéier sollten a Betrib geholl ginn. Déi sollten no engem prezise Modell, deen an engem Cahier des charges festgehale gouf, gebaut ginn. Et sollten der mat véier Rieder, an och där mat zwee Rieder gebaut ginn. Verwaltung huet de Kutschebauer Jacques Delchet, chargéiert d'Kutschen ze bauen an z'ënnerhalen. 1813 huet de Jacques Delchet dee sech mat sengem Koseng Jean Irisson zesummegedoen hat 373 där Gefier a Betrib.

Am Ufank goufen d'Mallen an deenen de Courrier war an de Kutschen transportéiert. Eréischt géint 1818 gouf d'Courriersmall fest un d'Kutsch ugebaut.

Well déi Kutsche vill gefuer goufen, war och e groussen Ënnerhalt néideg. Dofir gouf et och e Cahiers des charges. An deem vun 1848 war virgesinn datt d'Bandagë vun de Rieder zéngmol am Joer frëschgemaach gemaach sollte ginn, d'Achse sinn eemol d'Joer ofmontéiert ginn an an engem Holzfeier frësch gehäert ginn. D'Këscht vun der Kutsch gouf all zéng bis zwielef Joer ersat, si goufen eemol d'Joer frësch ugestrach, an zweemol am Joer poléiert a vernéiert, fir datt se ëmmer sollte gutt a propper ausgesinn.

Déi lescht Ännerung am Bau vun där Kutsch war 1839. Do koum méi e liichte Modell eraus de Briska, dee vum Kutschebauer M. Marcoux gebaut gouf.

Bibliographie änneren

  • Voitures hippomobiles
  • Marchand Patrick. Les malles-poste:entrepreneurs, entreprises et modèles. an Roche (2000).
  • Studeny Christophe. ´L'éveil de la vitesse: La France au galop de la malle-poste. an Roche (2000).


  Kutschemodeller  

CabrioletChar-à-BancsConcord CoachCoupé RockawayMalle-posteOmnibusPark dragRoof Seat BreakSkeleton-Tandem-CartSulkyWagonette-tonneau
Kuckt och: SchwunnenhalsgestellÀ la d'AumontFiaker

Referenzen änneren

  1. Dictionnaire de l'académie française 6. Editioun 1835: Voiture publique pour le transport du courrier, par laquelle l'administration des postes envoie les lettres aux bureaux de destination, et dans laquelle on reçoir des voyageurs, en nombre très restreint