E Fiaker ass eng Kutsch déi an de Stied, fir e bestëmmten Trajet oder eng bestëmmten Zäit, konnt gelount ginn. Fiaker gouf och de Kutscher vu sou Kutsche genannt. De Fiaker gouf meeschtens Zweespänner gefuer.

E Fiaker zu Wien

Fiakere gëtt haut nach zu Wien, Salzburg a Palma de Mallorca wou s eng beléift Touristenattraktioun sinn.

Geschichtleches änneren

Déi éischt ëffentlech Kutschen déi gelount konnte ginn, goufen zu Paräis 1637 vum Nicolas Sauvage, engem Kutschebauer vun Amiens, agefouert. Hiren Numm krute se vun der Plaz wou se stationéiert waren; virum Hotel Grand Saint Fiacre an der Rue Saint-Martin.

Den Numm Fiaker bezeechent eng Funktioun, a keen Typ vu Kutsch. Am 19. Joerhonnert waren d'Fiakere meeschtens kleng Coupés carrés oder an der gudder Saison Milorden.[1]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Fiakeren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Voitures hippomobiles