Picknick

Molzecht déi een am Fräien ësst

E Picknick ass eng Molzecht déi een am Fräien ësst. Dacks ass e Picknick mat enger Paus wärend engem Ausfluch verbonnen. Et gëtt dofir Picknicksgeschier dat extra dofir ugepasst gouf, wéi z.B. e Picknickskuerf, eng Picknicksdecken oder speziellt Iessgeschier. Dat koumen am 19. Joerhonnert op, wéi d'Picknicken am viktorianeschen England duerch d'Kinnigin Victoria, déi dacks am Fräie giess huet, populär gouf.

E Picknick, gemoolt vum James Tissot.
Eng Picknickswallis fir Iessgeschier vun 1955.

D'Wuert kënnt deene meeschte Quellen no aus dem Franséischen, wou pique-nique 1692 an den Origines de la Langue Française fir d'éischt ernimmt gouf, well dat deemools beim Adel an der Moud war. Et setzt sech zesummen aus piquer „oppicken“ an nique "eng Klengegkeet". Am 18. Joerhonnert ass d'Wuert och schonn am Engleschen an am Schweedesche beluecht.

An der Konscht ass dem Édouard Manet säin Le déjeuner sur l'herbe déi bekanntst Representatioun vun engem Picknick.


Literatur änneren

  • Jeanne-Marie Darblay (Hrsg.): Picknick – Vergnügen, Lust & Genuß. Müller Rüschlikon, Cham 1994, ISBN 3-275-01092-1.
  • Charlotte Trümpler, Matthias Wagner K (Hrsg.): Picknick-Zeit (Ausstellungskatalog vum Museum Angewandte Kunst, Frankfurt a. M.), Walther König, Köln 2017, ISBN 978-3-96098-106-0.

Um Spaweck änneren

Commons: Picknicks – Biller, Videoen oder Audiodateien