Cleveland Bay

Päerdsrass

De Cleveland Bay ass en typescht Kutschepäerd. Säi Fell ass ëmmer brong sou wéi säin Numm et seet (engl.: bay (bei Päerd) = brong).

Dat eenzegt lëtzebuergescht Cleveland Bay-Gespan

A sengem Heemechtsland England, ass et dat Päerd, dat Staatskarossen zitt.

Et ass nieft den englesche Ponye mat déi eelst Päerdsrass an England.

D'Rass huet hiren Numm vun hirer Faarf a vun der Géigend an där se gezillt gëtt, am Cleveland, am Nordoste vun England.

Et gëtt ugeholl datt et se schonn zur Zäit vun de Réimer ginn ass, mä genee ass se zanter dem Mëttelalter dokumentéiert. Si war déizäit an England als dat sougenannt Chapman-Horse bekannt, well haaptsächlech Geschäftsléit se virun hir Kutsche gespaant hunn.

Déi Päerd sinn awer och fir all aner Aarbechte benotzt ginn, als Akerpäerd, Zuchpäerd an als Reitpäerd.

De Yorkshire Carriage Horse, dee vum Cleveland Bay ofstaamt, ass an d'ganz Welt exportéiert ginn.

Duerch d'Opkomme vum Auto sinn och an England d'Päerd lues a lues verschwonnen. Well de Cleveland Bay awer ee villsäitegt Päerd war, ass en nach als Kutschepäerd an als Juegdpäerd weider gebraucht ginn.

No dem Zweete Weltkrich war d'Rass bal ganz verschwonnen.

Et ass haaptsächlech der Kinnigin Elizabeth II. ze verdanken datt déi Päerdsrass haut nach do ass, well si sech zanter 1960 dofir agesat huet, datt déi Päerd an dem kinnekleche Gestüt solle wéider gezillt ginn.

Beschreiwung änneren

Wéi den Numm et seet, sinn Cleveland Bay ëmmer brong. An der Rass ass ni eng aner Faarf zougelooss ginn. D'Nomalgréisst ass 16 hands wat 162,5 cm entsprécht. Et ass ee Päerd dat ee staarke Kierperbau huet, eng laang Schëller, staark Glidder, mat enger relativ grousser Schankemass, an eng zolidd Hannerhand. Si hunn een zimmlech breede Kapp deen iwwer d'Nues riicht ass.

Ziichter änneren

  • An England: Ausser dem kinneklechen Haff e puer Ziichter am Cleveland
  • Zu Lëtzebuerg: De Paul Berens-Scott
  • An Amerika: Madonna

Um Spaweck änneren

Commons: Cleveland Bay – Biller, Videoen oder Audiodateien