Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Hippodrom ass eng Installatioun mat enger ronner oder ovaler Pist, wou Päerdscourssen ausgedroe ginn.. Eng Tribün mat Gradinen ass um Rand vun der Rennbunn fir d'Spectateuren reservéiert.

Den Hippodrom vun Aix-les-Bains a Frankräich (Loftbild)

Déi éischt Hippodrome ginn an d'Antiquitéit zeréck a ware fir Päerdscoursse virgesinn, fir Päerd déi geridde goufen oder eng Aart Weenche mam Reider nogegezunn hunn. Déi réimesch Zirkussen hunn deemools d'Roll vun engem Hippodrom gespillt. De bekanntste war den Circus Maximus, zu Roum. De leschte war dee vu Konstantinopel, dee bis 1204 benotzt gouf.

Päerdscoursse sinn et am Mëttelalter a bis zur Neizäit besonnesch a Frankräich, Italien an England ginn. Mä déi éischt modern Coursse mat Päerd goufen de 15. Mee 1651 zu Paräis a Presenz vum Louis XIV an dem zukünftegen Charles II vun England ausgedro. Am 19. Joerhonnert huet d'Zuel vun den Hippodrome staark zougeholl, fir unzefänken a Frankräich, Italien an England.

Frankräich ass dat Land, dat de Rekord vun der Zuel vun Hippodromen hält. Méi wéi 250 Hippodrome sinn do erfaasst. Dat ass d'Hallschent vun den Hippodromen a ganz Europa.

Déi bekanntst Hippodromen an der Welt änneren

Belsch änneren

Däitschland änneren

Frankräich änneren

England änneren

Südafrika änneren

USA änneren

Lëtzebuerg änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Racecourses – Biller, Videoen oder Audiodateien