Cabriolet (Kutsch)

Kutschenvariant

E Cabriolet ass eng liicht Kutsch op zwee Rieder, an déi oppen ass, oder mat enger Capote ekipéiert ass. Et ass eng Kutsch déi als Eespänner gefuer gëtt. Säin Héichpunkt hat de Cabriolet a Frankräich am 18. an 19. Joerhonnert.[1].

Den Izouard schreift 1775: Cette foule de voitures imitant les cabriolets qui sous les noms ridicules de soufflets, culs de singe, de diables et de sabots, inondent les rues de la capitale. De Roubo beschreift de Cabriolet 1771 als Kutsch déi gutt wier fir spadséieren ze fueren, mä geféierlech am Stadverkéier, well se liicht ass, a séier ëmfale kann, besonnesch wa s'e Bord vun engem Trottoir ze pake kritt, oder duerch ee Kontakt mat méi enger schwéierer Kutsch.

Vum Cabriolet sinn eng ganz Rei aner Kutschekonstruktiounen ofgeleet, wéi de Gig, de Boghei, de Lady Cab, de Morning Car, den Tilbury, den Tandem Cart, de Stanhope Gig an den Zweeriederegen Dog Cart.

Kutschemodeller

CabrioletChar-à-BancsConcord CoachCoupé RockawayMalle-posteOmnibusPark dragRoof Seat BreakSkeleton-Tandem-CartSulkyWagonette-tonneau
Kuckt och: SchwunnenhalsgestellÀ la d'AumontFiaker

Referenzen änneren

  1. Le Mercure, août 1714