Roof Seat Break
E Roof Seat Break oder och Built up Break ass e Break mat enger verlängerter Këscht, deen am Zweespänner oder Véierspänner ka gefuer ginn. An der Këscht sinn d'Sëtzer dacks de queesche Wee montéiert, sou datt d'Passagéier sech vis-à-vis sëtzen, oder mat de Récker widdereneen.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/5e/Roof_Seat_Break.jpg/400px-Roof_Seat_Break.jpg)
De Roof Seat Break war an den 1880er an 1890er Joren an der Moud. De bekannten New-Yorker Kutschebauer Brewster huet ëmmer den Numm Roof Seat Break, contestéiert, well d'Kutsch keen Daach hat, hien huet seng Kutschen ënner dem Numm Platform Break op de Maart bruecht.[1]
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/91/Roof_Seat_Break_V%C3%A9iersp%C3%A4nner.jpg/400px-Roof_Seat_Break_V%C3%A9iersp%C3%A4nner.jpg)
Am Hannergrond d'Schlass Vogelsanck
| |||
Cabriolet • Char-à-Bancs • Concord Coach • Coupé Rockaway • Malle-poste • Omnibus • Park drag • Roof Seat Break • Skeleton-Tandem-Cart • Sulky • Wagonette-tonneau |
Referenzen
änneren- ↑ Ryder Tom. The sporting break. The Carriage Journal 1987 vol.25 N°3 Säit 26-27