E Schwunnenhalsgestell (Ofkierzung: Schwunnenhals) ass bei enger Kutsch eng Zort Laangbam, aus Eisen oder Stol, deen an der Längt iwwer d'Mëtt méi oder wéineger duerchgebéit ass, an dee vir, oder vir an hannen e Kappstéck a Form vun engem Schwunnenhals huet. Et schwätzt een deemno vun engem einfachen, oder duebele Schwunnenhals.

Schwunnenhalsgesteller sinn op Kutschen ze fannen, deenen hir Këscht e konkave Buedem huet. Dat sinn zum dackste Kaleschen a Berlinen.

Zeechnung vun enger Kalesch mat einfachem Schwunnenhals
Zeechnung vun enger Spadséierkalesch mat duebelem Schwunnenhals