Tirang
En Tirang ass eng Zort véiereckeg Këscht, déi no uewen op ass, an déi geduecht ass, Saachen dran ze versuergen. Tiräng sinn an anere Miwwelen agebaut a kënnen op säitleche Schinnen erausgezun an eragedréckt ginn. Dofir hu se meeschtens e Grëff oder e Knapp. Sou Miwwele kënnen z. B. Schief, Nuetsdëscher oder Dëscher sinn, oder och Miwwelen, déi aus soss näischt wéi Tiräng bestinn, wéi Komouden oder och Miwwele fir Karteikaarten.
Um Spaweck
ännerenCommons: Drawers (furniture) – Biller, Videoen oder Audiodateien |