Voitures hippomobiles ass e Buch iwwer Kutschen a Ween dat am Januar 2005 op de Maart koum.

Den Deckel vum Buch

Et gouf erausgi vum Centre des monuments nationaux / Monum, Éditions du patrimoine vu Paräis.

D'Buch dat ganz a Léngent gebonn ass, an op glaséiertem Pabeier gedréckt ass, gouf zesummestallt vum Jean-Louis Libourel, Conservateur en chef du patrimoine. D'Viwuert ass vum Daniel Roche, Professer um Collège de France.

Et huet 411 Säiten, op deene praktesch all Zorte Kutschen a Ween, mat all hiren Détailer beschriwwe ginn. Doriwwer eraus, ginn am Buch all typologesch an technesch Ausdréck aus der Wonerei an dem Kutschebau erkläert.

Et ass an zwou Partien op gedeelt:

  • 1) Typologie et fonction des voitures
  • 2) Vocabulaire technique: construire une voiture

Am éischten Deel ginn d'Kutschen an d'Ween beschriwwen, agedeelt no Gefierer mat 2 oder 4 Rieder, fir Persounen- oder Giddertransport, an nodeem s'oppen, gedeckt, oder decapotabel sinn. Dobäi komme verschidde Spezialgefierer, wéi z. B. Militärgefierer.

Am zweeten Deel gëtt den Opbau vun de Kutschen a Ween, mat allen Deeler wéi z. B. d'Rieder, d'Bremsen, d'Gesteller, d'Këscht an d'Sëtzer. D'Garnituren an d'Dekore gi beschriwwe mat Erklärungen iwwer d'Material dat gebraucht gëtt, an zum Schluss fënnt een e Relevé iwwer d'Handwierker an d'Atelieren, an iwwer Markéierungen a Schrëften déi op de Kutschen ze fanne sinn.

Eng ronn 1500 faarweg Fotoen, historesch Pläng an Zeechnungen illustréieren dat Ganzt.

Et zielt nieft dem Andreas Furger sengen zwéi Bänn, Kutschen des 19. und 20. Jahrhundert mat zu den eenzege Bicher iwwer Kutschebau déi all Detail behandelen.