Pan (Mound)
De Pan (oder Saturn XVIII) ass vu banne gezielt den zweeten an ee vun de klenge bekannte Mounde vum Planéit Saturn. Hien ass de Schéifermound vun der Encke-Deelung an de bannenzege vun zwéi Mounden am A-Rank vum Saturnréngsystem.
De Mound Pan, opgeholl vun der Raumsond Cassini aus enger Distanz vun 209.000 km. | |
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/1981 S 13 |
---|---|
Zentralkierper | Saturn |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 133.584,0 ± 0,1 km |
Periapsis | 133.582 km |
Apoapsis | 133.586 km |
Exzentrizitéit | 0,0000144 ± 0,0000054 |
Ëmlafzäit | 0,575050718 Deeg |
Ëmlafvitess | 16,89 km/s |
Inklinatioun | 0,001 ± 0,0004° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser |
28,4 ± 2,6 (35 × 32 × 21) km |
Dicht | 0,41 ± 0,15 g/cm3 |
Gravitatioun op der Uewerfläch | - m/s2 |
Albedo | 0,50 |
Visuell Magnitude (mag) | 19,4 |
Entdeckung | |
Entdecker | Mark R. Showalter |
Entdeckungsdatum | 16. Juli 1990 |
Entdeckung an Numm
ännerenDe Pan gouf de 16. Juli 1990 vum Astronom Mark R. Showalter bei der Auswäertung vu Fotoe vun der Raumsond Voyager 2 aus dem Joer 1981 entdeckt.
D'Existenz vun engem Mound an der Encke-Deelung war schonn am Joer 1985 vum Jeffrey N. Cuzzi a vum Jeffrey D. Scargle virausgesot ginn. Op de Fotoe vun der Raumsond Voyager 2 hu sech Wellemuster am Ranksystem gewisen, déi op gravitativ Stéierunge gedeit hunn. De Showalter an aner Astronomen hunn 1986 berechent, wéi een Himmelskierper fir d'Stéierunge verantwortlech kéint sinn. Si haten eng zimmlech prezis Virausso iwwer d'Bunn (133.603 km ± 10) a Mass (5–10•10−12 vun der Saturnmass) an hunn ugeholl, datt sech nëmmen en eenzele Mound an der Rankdeelung beweege kéint. D'Donnéeë vun der Ëmlafbunn louchen nëmme ronn 19 km vun der spéiderer observéierter auseneen. Déi tatsächlech Mass ass 8,6•10−12 vun der Saturnmass.
De Mound gouf spéider op 1° vun der virausberechenter Positioun fonnt. Dobäi goufen all d'Voyager-2-Fotoen ausgewäert, woubäi nees mat Computer berechent gouf, ënner wat fir enge Bedéngungen de Mound op jiddwer Bild am beschten z'erkenne wier. De Pan war schliisslech op eelef Voyager-Fotoen ze gesinn, déi an der Zäitspan vun 48 Stonne virun der nooster Distanz zum Saturn gemaach goufen. All Foto mat enger Opléisung vun iwwer 50 Kilometer pro Pixel huet de Mound kloer erkenne gelooss.
D'Entdeckung gouf de 16. Juli 1990 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) publizéiert; de Mound krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/1981 S 13, déi wéinst dem Voyager-Laanschtfluch op d'Joer 1981 zeréckdatéiert gouf. De Pan war den 18. entdeckte Mound vum Saturn, wofir hien och déi réimesch Nummer XVIII krut. Bis zu der Entdeckung vum S/2009 S 1 de 26. Juli 2009 war de Pan de bannenzegste Saturnmound.
De 16. September 1991 krut de Pan säin Numm nom Pan aus der griichescher Mythologie.
Bunneegenschaften
ännerenËmlafbunn
ännerenDe Pan kreest ëm de Saturn op enger prograden, bal perfekt kreesfërmeger Ëmlafbunn op enger mëttlerer Distanz vu ronn 133.584 km (zirka 2,216 Saturnradien) vun hirem Zentrum, also 73.316 km iwwer hirer ieweschter Wollekegrenz. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,0000144, d'Bunn steet 0,001° schréi géigeniwwer dem Equator vum Saturn. Duerch déi niddreg Exzentrizitéit variéiert d'Bunn ëm nëmme ronn 4 km.
D'Ëmlafbunn vum nächste Mound de banne läit, dem S/2009 S 1, ass an der Moyenne ongeféier 16.500 km vum Pan sengem Orbit ewech, d'Distanz vun der Bunn vum nächstbaussenzege Mound Daphnis ass an der Moyenne 2.921 km.
De Pan leeft an 13 Stonnen, 48 Minutten a 4,4 Sekonnen eemol ëm de Saturn. Hie leeft op enger kritescher Distanz ëm de Saturn, der sougenannter Roche-Grenz, déi e méi grousse Mound an deem Beräich zerbrieche géif.
Pan-Ringlets
ännerenDe Mound leeft an der 325 km breeder nom Johann Franz Encke genannter Encke-Deelung vum A-Rank ëm de Planéit. Hien ass dobäi als Schéifermound nëtzlech a bewierkt mat senger Gravitatioun, datt d'Encke-Deelung zimmlech fräi vu Rankpartikele bleift.
An der Encke-Deelung, déi ongeféier 3.000 km vun der baussenzeger Kant vum A-Rank ewech ass, ass e schmuele Rank ("Ringlet"), dee mat der Ëmlafbunn vum Pan zesummefällt, wat drop hiweist, datt de Pan d'Rankpartikelen an enger Houfeisenëmlafbunn bäibehält. En zweeten, méi schwaache schmuele Rank gëtt vum Pan periodesch gestéiert, änlech wéi d'Stéierunge vum F-Rank, dee méi wäit bausse läit, duerch de Mound Prometheus.
Rotatioun
ännerenD'Rotatiounszäit ass d'selwecht wéi d'Ëmlafzäit an de Pan huet domat, wéi den Äerdmound, eng synchron Rotatioun, déi och 13 Stonnen, 48 Minutten an 4,4 Sekonnen dauert. Seng Rotatiounsachs steet genee vertikal op sengem Orbitalplang.
Physikalesch Eegenschaften
ännerenGréisst
ännerenDe Pan huet an der Moyenne en Duerchmiesser vun 28,4 km. Op de Fotoe vun der Cassini-Huygens-Sond erschéngt de Pan als en onreegelméisseg geformte längelzegen Objet mat Moosse vun 35 × 32 × 21 km, woubäi d'Längsachs op de Saturn ausgeriicht ass. D'Wëssenschaftler vun der Cassini-Missioun hunn de Pan als e nossfërmegen Objet beschriwwen, den op sengem Equator eng Bëlz huet. Dësen Equatorrand ass duerch d'Usammele vu Rankmaterial aus der Encke-Deelung geschitt. Aner bis elo bekannt Mounde mat änleche Bëlze sinn den Atlas an den Iapetus.
D'total Fläch vum Pan gëtt op 2.500 km² geschat, dat ass ongeféier d'Fläch vum Lëtzebuerger Land.
Opbau vum Kär
ännerenDicht vum Pan ass an der Moyenne mat 0,56 g/cm³ vill méi kleng wéi déi vun der Äerd a souguer méi niddreg wéi d'Dicht vum Saturn. Si ass sou niddreg, datt de Pan op Waasser schwamme géif. Dat weist drop hin, datt de Mound haaptsächlech aus Waasseräis zesummegesat ass.
Well de Pan de Saturn bannenzeg vun der Roche-Grenz emleeft, weist drop hin, datt hien entweeder eng ganz fest bannenzeg Struktur huet, oder datt hien zu de sougenannte Rubble Piles gehéiert, déi duerch déi vergläichsweis schwaach Gravitatioun am Kär Huelraim opweisen. Duerch déi extreem niddreg Dicht ass déi lescht genannt Hypothees méi warscheinlech.
Uewerfläch
ännerenDe Pan huet eng héich Albedo vun 0,5, wat bedeit, datt hien eng hell Uewerfläch huet, déi 50 % vum agestraalte Sonneliicht reflektéiert. Op senger Uewerfläch ass d'Schwéiervitess 0,002 m/s², dat sinn ongeféier 0,2 ‰ vun der ierdescher. D'Moyenne vun der Uewerflächentemperatur gëtt op −195 °C (78 K) geschat.
Fuerschung
ännerenWéinst der klenger Gréisst a senger visueller Magnitude vun 19,4m, déi 1:30200000 vum Zentralplanéit ass, souwéi der kuerzer Distanz zum Saturn an der Tatsaach, datt hie vun deem iwwerstraalt gëtt, ass de Pan mat äerdgebonnenen Teleskopen net ze gesinn.
De Pan gouf bis elo vun dräi Raumsonden ugeflunn, vun de Sonde Voyager 1 den 12. November 1980 a Voyager 2 de 25. August 1981 souwéi vum Saturnorbiter Cassini, deen zanter dem 1. Juli 2004 ëm de Saturn kreest.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Pan (Mond) – Biller, Videoen oder Audiodateien |