Als Schéifermound bezeechent ee kleng natierlech Satellitten vun de Gasplanéiten am Sonnesystem, déi d'Ëmlafbunne vun de Partikelen an där hirem Ranksystem mat däitleche Lächer dertëscht auserneenhalen oder a separat Eenzelréng konzentréieren. Den Numm kënnt doduerch, datt si wéi e Schéifer den "Trapp" vun de Rankpartikelen agrenzen.

Prometheus (riets) a Pandora "hidden" dem Saturn säin F-Rank tëscht hire Bannen- a Baussenzegter Bunn.
Funktiounsweis vun engem Schéifermound – Wa Partikelen vir oder hanner dem Mound op senger Ëmlafbunn sinn, da ginn déi entweeder a Bunnrichtung gedriwwen an no bausse geschleidert, oder si ginn op hirer Bunn ofgebremst an no banne gezunn.

Duerch hir Gravitatiounswierkung kënne si Partikelen opsammelen oder duerch Bunnstéierunge vun hirer Ëmlafbunn oflenken respektiv duerch Bunnresonanzen nei glidderen. Doduerch entsti Lächer an de Ranksystemer, wéi déi besonnesch markant Cassinesch Deelung, oder charakteristesch Bänner oder féiert zu eegenaarteg "verdruddelte" Rankverformungen.

Dat komplext System vun de Saturnréng huet en ettlech Satellitten, déi sech sou verhalen. Dräi si méi oder wéineger eendäiteg als Schéifermounden notéiert (Atlas fir den A-Rank a Prometheus a Pandora fir den F-Rank). Als Schéifermound ginn och déi aner fënnef bannenzeg Satellitten Daphnis, Pan, Janus, Epimetheus an Aegaeon ugesinn.

Den Uranus huet zwéi Schéifermounden op den zwou Säite vu sengem Epsilon-Rank: de Cordelia an den Ophelia.

Literatur

änneren

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie