Haaptmenü opmaachen

Den Atlas (oder Saturn XV) ass vu bannen de véierten an ee klenge vun den 62 bekannte Saturnmounden. De Mound kreest ëm de Planéit an der Roche-Deelung baussenzeg vun der Baussekant vum A-Rank vun de Saturnréng.

Atlas
(Saturn XV)
Atlas 2017-04-12 raw preview.jpg
De Saturnmound Atlas, opgeholl aus enger Distanz vun
11.000 km vun der Raumsond Cassini den 12. Abrëll 2017
(84 Meter pro Pixel)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/1980 S 28
Zentralkierper Saturn
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 137.670 ± 10 km
Periapsis 137.505 km
Apoapsis 137.835+ km
Exzentrizitéit 0,0012
Ëmlafzäit 0,6016947883 Deeg
Inklinatioun 0,0 °
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 30,6 ± 2,4
(46 × 38 × 19) km
Dicht 0,44 ± 0,11 g/cm3
Visuell Magnitude (mag) 18,5
Entdeckung
Entdecker Richard John Terrile
Entdeckungsdatum 12. November 1980

Entdeckung a BenennungÄnneren

Den Atlas gouf kuerz virum 12. November 1980 vum Astronom Richard John Terrile beim Auswäerte vu Fotoe vun der Raumsond Voyager 1 entdeckt, déi um genannten Dag de Saturn passéiert hat.

Den Dag drop gouf d'Entdeckung vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) publizéiert; de Mound krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/1980 S 28. Déi héich Nummeréierung hat aus der Meenung resultéiert, datt de Saturn bis dohin 28 Mounde hat, wat sech spéider als Iwwerdreiwung erausgestallt huet. Well vill vun de "nei entdeckte" Mounde scho bekannt waren, hat sech d'Zuel op 17 reduzéiert wouduerch den Atlas de 17. entdeckten a confirméierte Saturnmound war. Well déi bal gläichzäiteg oder kuerz virdrun entdeckt méi niddreg nummeréiert Mounde Prometheus a Pandora sech weider vum Saturn distanzéiert erwisen, krut den Atlas déi réimesch Nummer XV.

Tëscht 1980 an 2004 konnt de Mound net méi opfonnt ginn. Eréischt am Juni 2004 gouf hien op Fotoe vun der Raumsond Cassini "zréckentdeckt“.

Den 30. September 1983 gouf de Mound dann nom Titanen Atlas genannt, deen an der griichescher Mythologie d'Welt op senge Schëlleren dréit. Den Atlas war de Jong vum Iapetos an der Okeanide Asia, de Brudder vum Menoitios, Prometheus an Epimetheus an de Papp vun den Hyaden, Plejaden, Hesperiden an (nom Homer) der Nymphe Kalypso. Hyginus Mythographus, deen dat urweltlech vun der Gestalt eraussträiche wollt, hat den Atlas zum Jong vum Aether an der Gaia gemaach.

De Numm Atlas (griichesch) gouf och fir d'Atlasbierger benotzt, fir den Stär Atlas, d'Atlas-Drorakéit, den Atlas-Halswirbel, souwéi fir den Atlanteschen Ozean. De Numm steet awer net fir den Atlas als Kaartewierk oder fir d'soenëmgarnt Insel Atlantis.

BunneegenschaftenÄnneren

ËmlafbunnÄnneren

Den Atlas kreest prograder ëm de Staturn. Seng Ëmlafbunn ass bal kreesronn mat enger mëttleren Distanz vun 137.670 km (zirka 2,284 Saturnradien) zum Saturnzentrum, also 77.402 km iwwer senger Wollekenuewergrenz. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,0012, d'Bunn steet 0,003° schréi zum Equator vum Saturn. Se läit deemno bal genee um Equatorplang vum Planéit. Wéinst der niddreger Exzentrizitéit variéiert d'Distanz zum Saturn ëm nëmme ronn 30 km.

D'Ëmlafbunn vum nächste bannenzege Mound Daphnis ass an der Moyenne 1.165 km vum Atlas-Orbit ewech, d'Distanz vun der Bunn vum nächstbaussenzege Mound Prometheus ass an der Moyenne 1.710 km.

Den Atlas kreest a 14 Stonnen, 26 Minutten a 26,4 Sekonnen ëm de Saturn. Dat entsprécht ongeféier der Ëmlafzäit vum Uranusmound Cupid. Den Atlas brauch fir een Ëmlaf ronn 11 Minutte méi laang wéi de bannenzegem Noper Daphnis. De Mound leeft an der 2.605 km breeder nom Édouard Albert Roche benannter Roche-Deelung ëm de Planéit, déi den A-Rank vum F-Rank trennt an ass dobäi nëmmen 895 km vun der Baussekant vum A-Rank ewech. Et gouf laang ugeholl, datt den Atlas als Schéifermound mat senger Gravitatioun op de bannenzegen A-Rank wierkt. An an der Tëschenzäit ass bekannt, datt d'A-Rank-Baussekant an enger 7:6-Bunnresonanz mat de méi grousse méi wäit distanzéierte Mounden Epimetheus a Janus ass.

Am Joer 2004 gouf e liichtschwaachen dënne Saturnrank entdeckt ("Ringlet"), dee laanscht der Bunn vum Atlas steet an de provisoreschen Numm R/2004 S 1 krut.

Den Atlas kreest op enger kritescher Distanz, der sougenannter Roche-Grenz, ëm de Saturn. E méi grousse Mound géif an deem Beräich méiglecherweis zersprangen. Seng kleng Gréisst verhënnert dat warscheinlech.

RotatiounÄnneren

D'Rotatiounszäit ass déiselwecht wéi d'Ëmlafzäit an den Atlas huet domat (wéi den Äerdmound) eng synchron Rotatioun. Seng Rotatiounsachs steet bal genee vertikal zu sengem Bunneplang.

Physikalesch EegenschaftenÄnneren

GréisstÄnneren

Den Atlas huet an der Moyenne en Duerchmiesser vun 30,6 km. Op der Foto vun der Cassini-Huygens-Sond erschéngt den Atlas als en onreegelméisseg geformte längelzegen Objet mat de Moosse vu 46 × 38 × 19 km, woubäi d'Längsachs op de Saturn ausgeriicht ass.

Héichopléisend Biller, déi am Juni 2005 vun der Raumsond Cassini opgeholl goufen, weisen, datt den Atlas net ronn, mä um Equator vill méi breet ass, wéi op senge Polen. Hie gesäit doduerch aus wéi en UFO. Et gëtt ugeholl, datt déi besonnesch Form dobäi entstoung, wëll den Atlas a senger Equatorregioun Material vum dënne Rank R/2004 S 1 opgesammelt huet.[1] Tatsächlech ass d'Gréisst vum equatoriale "Bauch" mat der erwarter Gréisst vun der Roche-Grenz vum Atlas vergläichbar.

Déi ganz Fläch vum Atlas ass geschat 3.700 km² grouss.

Bannenzegen OpbauÄnneren

Déi mëttels Dicht vum Atlas ass mat 0,44 g/cm³ vill méi kleng wéi déi vun der Äerd a esouguer méi niddreg wéi d'Dicht vum Saturn; si ass sou niddreg, datt den Atlas op Waasser schwamme kéint. Dat weist drop hin, datt de Mound haaptsächlech aus Waasseräis zesummegesat ass.

Datt den Atlas de Saturn bannenzeg vun der Roche-Grenz ëmkreest, weist drop hin, datt hien entweder eng ganz fest bannenzeg Struktur huet, oder datt hien zu de sougenannten Rubble Piles gehéiert, déi duerch déi vergläichsweis schwaach Gravitatioun am Kär Huelraim hunn. Wéinst der extreem niddreger mëttelser Dicht ass déi lescht Hypothes méi warscheinlech.

UewerflächÄnneren

D'Uewerfläch vum Mound huet bal keng Aschlagkrateren, wat op e relativ jonken Alter hindeit. Den Atlas huet eng relativ héich Albedo vun zirka 0,4, seng hell Uewerfläch reflektéiert 40 % vum agestralte Sonneliicht. Op senger Uewerfläch ass d'Schwéieracceleratioun 0,0017 m/s², dat entsprécht ongeféier 0,2 ‰[2] där ierdescher. D'Uewerflächentemperatur vum Atlas gëtt an der Moyenne op ongeféier −192 °C (81 K) geschat.

FuerschungÄnneren

Wéinst der klenger Gréisst a visueller Magnitude vun 18,1m (déi 1:20900000 vum Zentralplanéit ass) souwéi der kuerzer Distanz zum Saturn an der Tatsaach, datt hie vun deem iwwerstraalt gëtt, ass den Atlas mat äerdgebonnenen Teleskopen net ze gesinn. Dofir ass et net erstaunlech, datt e wärend 24 Joer net ze gesi war.

De Mound gouf zanterhir vun dräi Raumsonden ugeflunn: Laanschtflich vu Voyager 1 den 12. November 1980 a Voyager 2 den 25. August 1981 souwéi vum Saturn-Orbiter Cassini, deen zanter Juli 2004 ëm de Saturn kreest. Déi orbital Parametere vum Atlas sinn duerch d'Sond Cassini an der Tëschenzäit zimmlech genee bekannt.

GalerieÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Spektrogramm. In: Spektrum der Wissenschaft, 2/08
  2. Äerdacceleratioun g ~ 9,81 m/s², dofir entsprécht d'Uewerflächenacceleratioun um Atlas mat 0,0017 / 9,81 ~ 1,73 * 10^(−4) ~ 2 * 10^(−4) = 0,2 promille * g