Däitsch-Oth
Audun-le-Tiche (op Lëtzebuergesch Däitsch-Oth[1], deels just Oth) ass eng franséisch kleng Stad a Gemeng an der Regioun Grand Est, am Departement Moselle, am Arrondissement Thionville. De Postcode ass 57390. Oth huet 1.547 ha, 2006 hunn do 5.949 Awunner (Audunois) gelieft.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Thionville | ||||
Kanton | Algrange | ||||
Postcode | 57390 | ||||
Gemengecode | 57038 | ||||
Koordinaten | 49° 28’ 27’’ N 05° 57’ 30’’ O | ||||
Fläch | 1.543 ha | ||||
Bevëlkerung | 5.949 (2006) |
Geographie
ännerenDäitsch-Oth läit op der Grenz mat Lëtzebuerg, Nopeschgemeng ass Esch-Uelzecht. Et erstreckt sech tëscht dem Pays Haut am Südwesten an dem Uelzechtdall am Nordosten.
Geschicht
ännerenAn der Réimerzäit war d'Géigend staark bewunnt. Iwwerreschter vun engem Aquedukt zeien heivun. Vun der Merowengerzäit ass eng Nekropol erhale bliwwen. Am Mëttelalter stoung zu Oth e Schlass, an deem d'Häre vu Malberg gelieft hunn. D'Nofollger vun dëse waren déi éischt Schmelzhären. Fréi schonn, a virindustrieller Zäit, gouf Bounäerz verschafft. An der Mëtt vum 18. Joerhonnert goufen déi éischt Grouwen exploitéiert. An den Héichzäite vun der Stolindustrie huet d'ARBED zu Oth 4 Héichiewe bedriwwen. Mä schonn 1964 gouf de leschten Héichuewen ausgemaach. Eng Rëtsch vun de Schmelzaarbechter hunn op de Lëtzebuerger Schmelzen eng Schaff fonnt, bis d'Stolkris an der 1970er Joren och hei eng Schmelz no där aner zougoe gelooss huet.
Mä och haut spillt Lëtzebuerg eng wichteg Roll: Iwwer 70 % vun der aktiver Populatioun schaffen als Frontalier zu Lëtzebuerg.
Den Numm
ännerenAudun oder Oth gëtt entweeder op Aquaeductus oder e keltescht Wuert fir "Bësch" zeréckgefouert.
Den Zousaz Däitsch (oder Tiche) huet Oth, fir et vun Audun-le-Roman z'ënnerscheeden, dat eng 15 km weider südlech läit. Déi zwéi Nimm bréngen zum Ausdrock, datt d'Sproochgrenz fréier méi südlech wéi haut, tëscht deenen zwou Uertschafte, verlaf ass. D'Other selwer sinn doriwwer net sou frou, well en un déi däitsch Besatzung 1871 - 1919 an 1940 - 1944 erënnert, wou "Deutsch-Oth" den "offiziellen" Numm war. Déi Escher soe gewéinlech just "Oth".
En ale Lëtzebuerger Numm, dee kaum méi am Gebrauch ass, ass Adicht.
Kuckeswäertes
änneren- Iwwerreschter vun der Merowenger-Nekropol
- Espace archéologique an der Uelzechtstrooss
Nopeschuertschaften
änneren- Russange am Norden
- Esch-Uelzecht (Lëtzebuerg) am Nordnordosten
- Aumetz am Süden
- Villerupt am Westen
Kuckt och
änneren- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
- Gare Däitsch-Oth (zougemaach)
Um Spaweck
ännerenCommons: Däitsch-Oth – Biller, Videoen oder Audiodateien |
-
D'Stadhaus
-
D'Kierch vun Däitsch-Oth
-
Merowenger Griewer
-
D'Héichiewen ëm 1900
- ↑ (lb)Däitsch-Oth. lod.lu. Gekuckt de(n) 28.06.2022.