Guillaume Rischard

Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung


De Guillaume (Gilly) Rischard, gebuer den 10. Juni 1910 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 5. Dezember 1963[1], war Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung[2].

Guillaume Rischard
Gebuer 10. Juni 1910
Lëtzebuerg
Gestuerwen 5. Dezember 1963
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

De G. Rischard huet zu Gembloux am Institut agronomique de l'État an zu Nanzeg an der École nationale des eaux et forêts studéiert. 1934 krut hie säin Diplom als Ingénieur civil des eaux et forêts. No sengem Stage an der Forstverwaltung krut hien 1937 eng Nominatioun als Garde général adjoint[3].

Am Zweete Weltkrich gouf hie vun den Nazien an de Prisong geheit, wou e vum 16. August 1941 bis de 6. August 1942 als politesche Prisonéier am Gronn souz[4].

1946 gouf hie Garde général[5] an de 27. Januar 1954[6] ass hien Direkter vun der Forstverwaltung genannt ginn[2],[7].

Säi Virgänger war den Nicolas Obertin, deen den 28. Oktober 1946 Direkter gouf. An der Zäit virun deem senger Nominatioun huet de Guillaume Rischard d'Forstverwaltung provisoresch als Direkter ff. geleet[8].

No dem G. Rischard ass den Emile Gillen Direkter vun der Forstverwaltung ginn.

De G. Rischard ass 1938 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois ginn[4]. Hie war President vum Veräi vun 1946 bis 1948[9]. Hie war President vum Conseil supérieur de la chasse[1].

Gielercher[1] änneren

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Luxemburger Wort 1963, Nr. 241/242 (7. Dezember), S. 24 (Doudesannonce).
  2. 2,0 2,1 Massard 2015, S. 115.
  3. Stumper 1966, Massard 1990, S. 168, Massard 2015, S. 115.
  4. 4,0 4,1 Massard 1990, S. 168.
  5. Mémorial 1946, N° 7, S. 101 (Par arrêté grand-ducal du 18 janvier 1946, M. Guillaume Rischard, garde-général-adjoint, a été nommé garde-général au service de l'aménagement des bois administrés).[1]
    Mémorial 1946, N° 54, S. 846 (Par arrêté grand-ducal du 13 novembre 1946, M. Guill. Rischard, garde-général au service de l'aménagement des bois administrés, à Luxembourg, est nommé garde-général du cantonnement de Luxembourg-Est).[2]
  6. Wolter 2015, S. 181
  7. ch. 1954.
  8. Cf. Luxemburger Wort 1946-01-17, S. 2, Nr. 17 (Fauna) Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-11-16.
  9. Massard 2015, S. 115, Reichling 1966.