Buerfelt

Lieu-dit an Haff an der Gemeng Esch-Sauer

De Buerfelt (lokal: Burfelt[1]), och alt Buergfrid, ass e Lieu-dit[1] an en Haff an der Gemeng Esch-Sauer.

Buerfelt
Burfelt
Vue op de Buerfelt aus der Loft (1991).
An anere Sproochen fr: Burfelt
Bourgfried
de: Burgfried
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Esch-Sauer
Buergermeeschter Laurent Hilger
Koordinaten 49° 54’ 00’’ N
      05° 51’ 26’’ O

Geschicht änneren

Den Numm "Buergfrid" gouf eng éischt Kéier 1252 ernimmt. Den Numm soll entweeder schonn op d'Mëttelalter zeréckgoen, wou d'Meeschtere vun Esch-Sauer hire "Buergfridden" reegelméisseg erneiert hunn, oder op d'Joer 1695, wou d'Schlass- a Buerghären aus der Ëmgéigend e Verdeedegungs- an Hëllefsbond géint friem Truppen, déi doruechter marodéiert hunn, ofgeschloss sollen hunn.

Den Haff ass aus dem 18. Joerhonnert. Wéi de Stauséi gebaut gouf, huet de Bauerebetrib opgehalen, well e groussen Deel vun de Lännereien iwwerschwemmt gouf. 1974 huet de Lëtzebuerger Staat den Haff opkaaft an doran e Verwaltungszentrum vun der Administration des eaux et forêts installéiert. 1978 koum eng 6 ha grouss Bamschoul bäi, an 1993 gouf e Bëschentdeckungszentrum ageriicht.

Buergfrid-Affär änneren

1969 war dës ofgeleeë Plaz (deemools "Buurgfried" oder "Bourgfried" geschriwwen) Mëttel- an Ausgangspunkt vun der sougenannter Buergfrid-Affär, déi jorelaang héich Welle geschloen huet, an déi der Ministesch Madeleine Frieden-Kinnen hiert Amt kascht huet.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buergfrid-Affär.

Kuckeswäertes änneren

Fir nozeliesen änneren

  • Burfelt. Das Waldentdeckungszentrum. Hg.: Forstamt Wiltz, 2000.(Dépliant).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Buerfelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.