Bernhard Wilhelm Herget

De Bernhard Wilhelm (Bernard Guillaume) Herget, gebuer den 22. Februar 1791 zu Hadamar (deemools Herzogtum Nassau, haut Hessen) a gestuerwen de 4. November 1846 an der Stad Lëtzebuerg, war den éischte Chef vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung.

Den Herget, deen herzoglech-naussaueschen “Oberförster” war, ass den 30. September 1839 “maître forestier” zu Lëtzebuerg ginn. Domat war hien de presüméierte Chef vun der neier Forstverwaltung, déi duerch d'Ordonnance vum 1. Juni 1840[1] geschaf gouf.

A senger Qualitéit als “maître forestier” war hie vum Mäerz 1840 bis den 1. Januar 1842 Member vun der Régence, wéi d'Regierung deemools geheescht huet.

Dem Herget seng Duechter Caroline Wilhelmine huet sech am August 1844 mam Ernst Heinrich Wilhelm Stifft, deemools Oberleutnant an der Kavallerie vum Lëtzebuergesche Bundeskontingent, Fils vum Christian Ernst Stifft, dem “conseiller intime pour les affaires luxembourgeoises” vum Wëllem I., bestuet. Nom fréien Doud vun hirem Mann am Januar 1844, huet d'Caroline Wilhelmine Herget sech am Februar 1847 fir zweet bestuet, an zwar mam “ingénieur en chef des travaux publics” François Charles Joseph Marie Wirz.

Dem Bernhard Herget säi grousse Merite war d'Ausschaffe vun der Ordonnance vum 1. Juni 1840 an där hiren Ausféierungsbestëmmungen. Hien huet sou d'Basis vun enger richteger Forstverwaltung zu Lëtzebuerg geluecht.

Literatur änneren

  • Massard, J.A., 2015. Beitrag zur Geschichte der luxemburgischen Forstverwaltung: Bernhard Herget, “maître forestier” in Luxemburg, und dessen Nachfolger an der Spitze der Verwaltung Dumont, Koltz und Stümper. Online Publikation. [2]

Referenzen änneren

  1. Mémorial 1840, N° 21, S. 133-140 (Ordonnance royale grand-ducale du 1er juin 1840, concernant l'organisation de la partie forestière). [1]