Nicolas Obertin

Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung


Den Nicolas Joseph Obertin, gebuer de 7. Mäerz 1901 zu Réimech a gestuerwen den 9. August 1954 zu Düsseldorf[1], war Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung[2].

Nicolas Obertin
Gebuer 7. Mäerz 1901
Réimech
Gestuerwen 9. August 1954
Düsseldorf
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

Den Nicolas Obertin huet zu München an zu Nanzeg Forstwirtschaft studéiert. 1930 gouf hie Garde général stagiaire, 1933 Garde général adjoint an 1935 Garde général. Am Zweete Weltkrich ass hien 1940 vun den Nazien an Däitschland zwangsversat ginn. Hie koum eréischt am Mee 1945 zeréck op Lëtzebuerg. Duerch den Arrêté grand-ducal vum 28. Oktober 1946[3] ass hien Direkter vun der Forstverwaltung ginn[4].

Säin Nofollger war de Guillaume Rischard, deen de 27. November 1954 Direkter gouf.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. d'Letzeburger Land 1954-08-13, S. 6 , Nr. 33 (Inlandschronik)
  2. Luxroots, Hoffmann 1954, Wolter 2015, S. 181.
  3. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1946, N° 52, S. 811
  4. Massard & Geimer 2015, S. 236; G.R. 1954, Hoffmann 1954.