De Jean Pierre Balthasar Stumper (Johann Peter Balthasar Stümper), gebuer de 5. Januar 1842 zu Walfer (deemools nach Gemeng Steesel), a gestuerwen de 6. Mäerz 1904 zu Gréiwemaacher, war als Forstinspekter Chef vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung.

Jean Pierre Stumper
Gebuer 1842
Famill
Kanner Robert Stumper, Oscar Stumper

De Jean Pierre Stumper huet vun 1863 bis 1865 zu Gießen Forstwirtschaft studéiert. 1865 huet hien e Stage zu Colditz (Sachsen) beim renomméierten “Forstmeister” Hans Ernst von Manteuffel gemaach.

De Stumper, deen zënter 1867 als Accessiste forestier an der lëtzebuergescher Forstverwaltung geschafft huet, krut am Oktober 1875 eng Nominatioun als Garde général de 2e classe mat Wunnsëtz zu Gréiwemaacher. Am Februar 1880 gouf hie Garde général de 1ère classe. De 27. Mee 1899 ass hien Inspekter genannt ginn fir de J.P.J. Koltz, deen an d'Pensioun gaangen ass, z'ersetzen. De Stumper, deen och weiderhin zu Gréiwemaacher gewunnt huet, ass am Joer 1900 Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne ginn.

Hie war och Member vun der Wäibaukommissioun, déi 1886 geschaf ginn ass. Hie war de Sekretär a vun 1895 un de President vun der Wäibaukommissioun. De Stumper war vun 1894 u Member vun der Rieflauskommissioun, déi och 1886 agesat ginn ass.

De Jean Pierre Stumper war de Papp vum Professer Oscar Stumper a vum Cheemiker a Myrmekolog Robert Stumper.

Publikatiounen änneren

De Jean Pierre Stumper ass den Auteur vun enger Rei vu Publikatiounen, déi sech besonnesch mat dem Wäibau beschäftegt hunn. Hien huet och e Wierk vum von Manteuffel op Franséisch iwwersat.

  • L'Art de planter: Plantations en général. Plantations en butte. Traité pratique sur l'art d'élever en pépinière et de planter à demeure les arbres forestiers, fruitiers et d'agrément. (…) par le baron H.-E. de Manteuffel, (...) traduit sur la 3e édition allemande, par S.-P. [sic] Stumper, accessit [sic] forestier à Luxembourg. Revu par G. Gouët (…). J. Rothschild, Paris 1868, 252 p.
  • L'Art de planter: Plantations en général. Plantations en butte. Traité pratique sur l'art d'élever en pépinière et de planter à demeure les arbres forestiers, fruitiers et d'agrément par le baron H.-E. de Manteuffel, traduit sur la 3e édition allemande par J.-P. Stumper, revu par G. Gouët, sous-inspecteur des forêts. 2e édition. J. Rothschild, Paris 1874, XXXII-224 p.
  • Die Reben-Peronospora. Ein Mahnwort im Auftrag der Grossherzoglichen Weinbaukommission gerichtet an die Winzer des Landes. V. Bück, Luxemburg 1887, 30 p.
  • Bericht des ständigen Ausschusses der Grossherzogl. Weinbaukommission, erstattet in der Sitzung vom 12. Januar 1888, über die Ergebnisse der im Jahre 1887 zur Bekämpfung der Rebenperonospora angestellten Versuche. Bück, Luxemburg 1888, 15 p.
  • Bericht des ständigen Ausschusses der Grossh. Weinbau-Commission über die im Jahre 1888 an der Obermosel in Bezug auf Rebenschädlinge, namentlich über das Auftreten und die Verbreitung der Rebenperonospora gemachten Beobachtungen und Erfahrungen, er stattet in der Sitzung vom 11. Mai 1889. Bück, Luxemburg 1889, 19 p. [signiert: De Muyser, Velter, Stümper].
  • Der Weinbau im Grossherzogtum Luxemburg. J. Beffort, Luxemburg 1891, 12 p.
  • Die Buchelmast und ihre ökonomische Bedeutung. Jos. Beffort, Luxemburg 1893, 20 p. (Extr.: Annalen des Acker- und Gartenbau-Vereins).
  • Les vins de la Moselle luxembourgeoise, avec une carte topographique du terrain vinicole luxembourgeois. J. Beffort, Luxembourg 1897, 12 p.

Literatur änneren

Referenzen änneren