Jules Salentiny (Forstingenieur)

lëtzebuergesche Forstingenieur
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Forstingenieur Jules Salentiny. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jules Salentiny.

De Jules Salentiny, gebuer den 2. September 1854 zu Dikrech an do gestuerwen den 9. Abrëll 1931[1], war Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung[2].

Jules Salentiny
Gebuer 2. September 1854
Dikrech
Gestuerwen 9. Abrëll 1931
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur
Famill
Kanner Jules Salentiny

Am Oktober 1879 ass de Jules Salentiny Accessiste-forestier ginn[3]. Am Dezember 1886 gouf hie Garde général de 2e classe am Cantonnement Miersch[4]. Am Januar 1894 gouf hie Garde général de 1re classe, nach ëmmer zu Miersch[5]. Am Oktober 1909 krut hie seng Nominatioun als Inspekter[6].

De 25. November 1918 gouf de J. Salentiny Direkter vun der Forstverwaltung genannt[7]. Den 1. Januar 1923 ass hien an d'Pensioun gaangen[8].

Säin Nofollger war de Hubert Bertrang, deen den 21. Dezember 1922 Direkter vun der Forstverwaltung gouf.

De Jules Salentiny war Member vum Conseil supérieur forestier[1]. Hie war och Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal; seng Admissioun als Membre agrégé ass an der Sëtzung vum 22. Dezember 1920 proposéiert ginn, an der Reunioun vum 8. Juli 1922 gouf hien definitiv opgeholl[9].

Dem Jules Salentiny säi Papp war den Affekot Charles Jean Pierre Salentiny (1825-1893) vun Ettelbréck, a seng Mamm d'Joséphine Lucie Heck (1828-1903) vun Dikrech. De J. Salentiny hat sech de 16. Mee 1893 an der Stad Lëtzebuerg mat der Marie Schaaf (*1859) vun Ettelbréck bestuet[10]. Hie war de Papp vum Jurist a Magistrat Jules Salentiny (1894-1962)[1].

Gielchen änneren

Literatur änneren

  • Wolter, F., 2015. Aperçu de l'évolution historique de l'Administration depuis sa création en 1840. In: Administration de la nature et des forêts, 1840 - 2015: 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. Luxembourg, Administration de la nature et des forêts, S. 141-189.[6]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Luxemburger Wort 1931-04-10, S. 6, Nr. 100 (avis mortuaire).[1]
  2. Wolter 2015, S. 181.
  3. Mémorial 1879, N° 68, S. 808 (arrêté royal grand-ducal en date du 22 octobre).[2]
  4. Mémorial 1886, N° 65, S. 695 (arrêté royal grand-ducal du 22 [décembre].[3]
  5. Mémorial 1894, N° 3, S. 22 (arrêté grand-ducal en date du 10 janvier courant).[4]
  6. Mémorial 1990, N° 67, S. 1016
  7. Mémorial 1918, N° 78, S. 1390 (arrêté grand-ducal du 25 novembre courant).[5] Cf. Wolter 2015, S. 181.
  8. Luxemburger Wort 1923-01-01, S. 3, Nr. 1/2 (Forstverwaltung)
  9. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 8 (1917-1924), S. 25 a 26.
  10. deltgen.com