Victor Hippert

Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung

De Victor Hippert, gebuer de 16. Oktober 1887 zu Diddeleng[1] a gestuerwen den 19. Abrëll 1943 an der Stad Lëtzebuerg[2], war Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung.

Victor Hippert
Gebuer 16. Oktober 1887
Diddeleng
Gestuerwen 19. Abrëll 1943
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

Am November 1920 gouf de Victor Hippert, dee bis dohinner Forstkandidat am Cantonnement Lëtzebuerg war, Garde général adjoint an deem Cantonnement[3]. Am Januar 1923 gouf hie Garde général vum Cantonnement Miersch[4] an am Juni 1929 Garde général vum Cantonnement Lëtzebuerg.[5] Am Abrëll 1933 ass den Hippert Forstinspekter genannt ginn.[6]

De 26. Mäerz 1937 gouf den Hippert Direkter vun der Forstverwaltung.[1]

Säin Nofollger war den Nicolas Obertin, deen den 28. Oktober 1946 Direkter gouf. Do virdru war d'Forstverwaltung eng Zäit laang vum Guillaume Rischard als Direkter ff. geleet ginn.[7]

Literatur änneren

  • Wolter, F., 2015. Aperçu de l'évolution historique de l'Administration depuis sa création en 1840. In: Administration de la nature et des forêts, 1840 - 2015: 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. Luxembourg, Administration de la nature et des forêts, S. 141-189.[4]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Wolter 2015, S. 181.
  2. Escher Tageblatt 1943-04-20, Nr. 93, S. 8 (Doudesannonce)
  3. Mémorial 1920, N° 92, S. 1420 (arrêté grand-ducal du 15 novembre 1920).[1]
  4. Mémorial 1926, N° 4, S. 32 (arrêté grand-ducal du 26 janvier 1923)
  5. Mémorial 1929, N° 38, S. 676 (arrêté grand-ducal en date du 18 juillet 1929).[2]
  6. Mémorial 1933, N° 19, S. 267 (arrêté grand-ducal en date du 20 avril 1933).[3]
  7. Cf. Luxemburger Wort 1946-01-17, S. 2, Nr. 17 (Fauna) Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-11-16.