Den Albert Augustin, gebuer den 28. Mäerz 1872 zu Dikrech a gestuerwen den 1. Mäerz 1938 zu Bäreldeng[1], war Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung[2].

Albert Augustin
Gebuer 28. Mäerz 1872
Gestuerwen 1. Mäerz 1938
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

Am Joer 1914 gouf den Albert Augustin Garde général adjoint. 1918 krut hien eng Nominatioun als Garde général zu Wolz. 1922 ass hie Forstinspekter genannt ginn, an de 26. Juni 1929[3] gouf hien Direkter vun der Forstverwaltung[2]. Den 1. Abrëll 1937 goung hien an d'Pensioun[4].

Säin Nofollger war de Victor Hippert, deen de 26. Mäerz 1937 Direkter genannt gouf.

Den Albert Augustin war vun 1907 u Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois, där hire Sekretär Eugène Lahr en Noruff am Bulletin vum Veräi publizéiert huet[2]. Virdru war hie Member vun der Société de botanique, an dat zënter 1894.[5] Den Albert Augustin war och Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal; hien ass an der Sëtzung vum 18. Juli 1923 als Membre agrégé opgeholl ginn.[6]

Literatur änneren

  • Lahr, E., 1938. Nécrologie. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 48, S. 1.[5]
  • Wolter, F., 2015. Aperçu de l'évolution historique de l'Administration depuis sa création en 1840. In: Administration de la nature et des forêts, 1840 - 2015: 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. Luxembourg, Administration de la nature et des forêts, S. 141-189.[6]

Referenzen änneren

  1. Etat civil Walferdange, Stierfregëster 1938, Nr. 5. — D'Luxemburger Wort 1938-03-03, S. 4, Nr. 62 (Sterbefall), preziséiert, den Augustin wier zu Bäreldeng an der Wunneng vun engem Frënd gestuerwen.[1] Am Escher Tageblatt 1938-03-03, S. 3, Nr. 52 (Sterbefall), [2] liest een, den Augustin wier an der Stad Lëtzebuerg a senger Wunneng gestuerwen. D'Obermosel-Zeitung vum 3. Mäerz 1938, S. 5, schreift an der Rubrik “Sterbefälle”, den Augustin wier den 1. Mäerz an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.[3]
  2. 2,0 2,1 2,2 Lahr 1938.
  3. Wolter 2015, S. 181.
  4. Escher Tageblatt 1937-03-27, S. 4, Nr. 73 (Altersgrenze) Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-11-23.
  5. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 13 (1890-1896), S. 5 (membres effectifs).[4]
  6. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 8 (1917-1924), S. 30.