MooF (genannt no der Faarf Mof), ass eng lëtzebuergesch Rockband, déi 1992 gegrënnt gouf an aus 6 Membere besteet.

Moof
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1992
Websäit www.moof.lu
Logo
MooF Live an der Rockhal Esch Belval

Hire Stil geet vu Rock bis Hardrock, vun hinne selwer als Moof-Rock bezeechent. Zanter 1994 sinn hir Texter op Lëtzebuergesch. Thematiséiert ginn dora Gewalt, Rassismus, Drogen oder Fräiheet.

1999, 2002, an 2012 ass d'Grupp beim Rock um Knuedler opgetrueden,an 2010 fir Rock um Knuedler 20th anniversary am Atelier.

Den 3. Mäerz 2012 war an der Escher Kulturfabrik 20 Joer MooF Feier, mat de Band's, Serge Tonnar & Legotrip, Tëschegas an den Gang, no deem Concert Erfolleg ass d’ Iddi komm fir en Moofest ze realiséieren.

2013 gouf d'MooFest gegrënnt mam Zil fir karitativen Organisatiounen e Stand zur Verfügung ze stellen, fir datt se iwwer hir Aarbecht informéiere kënnen an de Leit d'Organisatioune méi no ze bréngen. D'Recette ginn integral enger karitativer Organisatioun gespent andeems all d'Gruppen an Artiste op hir Gage verzichten. Jonk Gruppen oder Newcomern, egal mat wat fir engem Genre vu Musek, kréien eng Méiglechkeet gebuede fir virun engem grousse Publikum ënner professionelle Bedingungen opzetrieden. Bekannt Gruppe sinn och mat am Programm fir sou vill Leit wéi méiglech kënnen unzezéien.

MooFest 2013.04.06 - KUFA - MM8 - Stëmm vun der Strooss. Band's - Mindless Anger - Progress - Shirkadath - Crazy Fruits - Diario - de Läb - MooF - Spack-O-Mat

MooFest 2014.04.05 - KUFA - MM8 - Alzheimer lu. Band's - Luceed - The Michael Shepherd Band - T -the Boss - MooF - Mambo Schinki - Lost in Pain

MooFest 2015.04.04 - KUFA - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke Band's - UNE - Bommeleeer Gewerkschaft -Heavy Petrol - Serge Tonnar Legotrip - MooF - Clanrock

MooFest 2016.04.09 - KUFA - MM8 - Plooschter Projet. Band's - Kevin Heinen - Fallen Lies - Devnull - Corona Dark - MooF -Scarlet Anger -The Bangin'Men

MooFest 2017.04.08 - KUFA - MM8 - Fondation.Jugend - an Drogenhëllef. Band's - Crying Souls - Insert Bandname - Sleepers' Guilt - Kitshickers - Diario - MooF 25 Joer - Schëppe Siwen

MooFest 2018.03.10 - KUFA - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke. Special Edition. Band's - Thousand Lakes - Fourth Circle - MooF CD Release (Net Fräckt ze kréien) - SIXPAX Comeback

MooFest 2019.03.15 - Rockhal Rocklab - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke Stëmm vun der Strooss Band's - Alien Pitch Cat - STELISE - De Pascal Vu Wooltz - Der Däiwel - MooF - De La Mancha

MooFest 2020.02.08 - Rockhal Rocklab - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke Stëmm vun der Strooss Band's - Dapple Rose - Pineway - Atomic Rocket Seeders - MooF - SKOR

MooFest 2021 covid

MooFest 2022.12.17 - Rockhal Rocklab - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke Band's - Weakonstruction - Heavy Petrol - T -the Boss - MooF - Tëschegas - Jos Pletschet and friends - Covid Reserve: Crying Souls

MooFest 2023 ------

MooFest 2024.04.13. - Rockhal Rocklab - MM8 - Fondatioun Thierry Van Werveke Band's - Freshdax - Dëppegéisser - Der Däiwel - MooF - Toxkäpp

Bandmemberen

änneren
  • Alex Heyar - Gesang
  • Marc Reuter - Gittar
  • Paul Pintsch - Gittar
  • Romain Reuter - Keyboards
  • Carlo Remiche - Bass
  • Pascal Simon - Batterie
  • Fréiere Member: Bernard Beck

Discographie (Albumen)

änneren
  • 1993: Demo
  • 1994: Fonkelnei
  • 1996: Ouni Garantie
  • 1998: 't deet esou wéi
  • 2001: Ech sin einfach gutt
  • 2009: Béise Jong
  • 2012: 20 Joer (Kompilatiounsalbum)
  • 2017: 2018: Net Fräckt ze kréien
  • 2024: 2024

Compilatiounen (Albumen)

änneren
  • 1997, 5 Joer Eldoradio top - MooF T'as ze spéit
  • 2000, RTL Planet Letzebuerg - MooF Fëscher a Jeër
  • 2001, a little bit of history - MooF Tätowéiert
  • 2001, the next generation - MooF Alcohol am Blutt
  • 2001, Cool Feet and Frends Merry Xmas Everybody - Alex Heyar vu MooF
  • 2006, Merryluxmas - MooF All Joer ëm dei selwecht Zäit
  • 2010, Panet Lëtzebuerg Reloaded - Firwat vu MooF no gespillt vum Serge Tonnar
  • 2011, D'Kees OP AN d'Klacken ERAUS - Halwer Zing de moien, vun Nazz Nazz (Thierry van Werveke) gesonge vum Alex H, an de Läb - Firwat vu MooF gesonge vum Alex Heyar an Sascha Ley
  • 2015, NAZZ NAZZ Reloaded – Red Eyes op Lëtzebuergesch Roud Aen vun MooF  
  • 2018 Mär sinn aarme Sai mat der CREAMISU

Discographie (Video)

änneren
  • 2010, Film Trouble no more vum Andy Bausch MooF d'Lidd Lëtzebuerg
  • 2011, DVD D'Kees OP AN d'Klacken ERAUS
  • 2016, Dokumentar Film OGBL Streik vum Andy Bausch Musek am Streik
  • 2019, Niresteng
  • 2024,Genuch geschafft an 2024
  • 2024, 2024

Literatur

änneren
  • Luke Haas: Lëtzebuerger Rocklexikon II (1987-1994), 1995, Éditions Revue, ISBN 2-919999-03-6
  • D'Stad Lëtzebuerg (Autor)Georges Hausemer,Rob Kieffer, ISBN 2-919999-03-6
  • MooF huet dat Lidd Äiskal (CD Ech sinn einfach gutt) fir déi 3e Nuit du Film Fantastique komponéiert a Live am Utopolice gespillt

Präisser

änneren
  • 1996, Best Pop/Rock 1996 vum Eldoradio an der Revue (Zäitschrëft)
  • 1998, Best Live-Band 1998 vun der Zeitschreft "DIP"
  • 1998, Best CD 1998 vun der Zeitschreft "DIP

Um Spaweck

änneren