Kulturzentrum Kulturfabrik

De Kulturzentrum Kulturfabrik (offiziell: Centre culturel Kulturfabrik, kuerz Kulturfabrik oder ofgekierzt Kufa) ass en Zentrum fir modern an zäitgenëssesch Konscht. En ass zu Esch-Uelzecht an de Gebaier vum fréiere Schluechthaus an der Lëtzebuerger Strooss ënnerbruecht. D'Kulturfabrik empfänkt eegenen Angaben no ëm déi 50.000 Visiteuren pro Saison.

D'Kulturfabrik vun der Lëtzebuerger Strooss aus gesinn
D'aalt Schluechthaus vun Esch
D'Kulturfabrik ass e Pilotprojet fir nohalteg Entwécklung.
Grousse Sall Kulturfabrik.
Klenge Sall Kulturfabrik.
Ratelach fir literaresch Owender.
Prouwe vun der Grupp Mutiny on the Bounty.

Geschicht änneren

D'Schluechthaus gouf 1885-86 gebaut an 1979 zougemaach, well et dem Besoin net méi entsprach huet.

Am Wanter 1980 huet den Ed Maroldt den ale Killraum als Kuliss fir d'Theaterstéck Das Konzert zum Heiligen Ovid benotzt, dat e mat Schauspiller aus dem Escher Jongelycée an dem Kasemattentheater opgefouert huet.

1982 huet d'Theater GmbH, eng Trupp vu jonke Schauspiller, ugefaangen, de Killraum als Theatersall ëmzebauen. Geschwënn duerno huet sech d'Galerie Terres Rouges an de Gemaier niewendrun niddergelooss, aner Kënschtler, Schauspiller a Museker hu sech ugeschloss, an de Kino am Schluechthaus, kuerz Kinosch, huet seng Dieren opgemaach.

1983 huet sech d'Kulturfabrik asbl konstituéiert, déi d'Gebaier frësch ugestrach huet, Atelieren a Proufsäll ageriicht, an an de Joren duerno e räichhaltege Kulturprogramm op d'Bee gestallt huet, dorënner Theateréischtopféierungen, Filmfestivaler a Summerakademiën.

Mä dat Ganzt ass aus enger prekärer Lag eraus geschitt: D'Gemeng Esch-Uelzecht, där d'Gebaier gehéiert hunn, hat laang keen Intressi drun, nieft dem Escher Theater nach e Kulturzentrum ze subventionéieren, an huet mam Gedanke gespillt, den Terrain ze verkafen. An d'Gebaier hätte missen am Fong restauréiert ginn, fir se net zerfalen ze loossen.

1993 huet sech dunn awer eng Léisung ugedeit, wéi de Wirtschaftsministère Sue vum europäesche FEDER- Programm konnt geneemegt kréien, a sou eng Kofianzéierung vun der Renovéierung mam Lëtzebuerger Staat an der Gemeng Esch méiglech war.

Am Dezember 1996 gouf eng Konventioun tëscht Staat, Gemeng an der Kulturfabrik asbl ënnerschriwwen, déi d'Asbl als Trägerveräin vum Kulturzentrum Kulturfabrik confirméiert huet, an no där Staat a Stad bei der Finanzéierung vun de Betribskäschte bäidroen.

De 15. Januar 1997 hunn d'Renovatiounsaarbechten ugefaangen, déi bis den Oktober 1998 gedauert hunn.

E Véierelsjorhonnert drop goufen nei Pläng virgestallt, no deenen d'Kufa duerch d'Dropbaue vun engem weidere Stack op bestoend Gebaier 2000 m² Fläch bäikréie soll, besser isoléiert a besser zougänglech fir Leit mat Behënnerung soll ginn, an och mat enger Bréck iwwer d'Uelzecht Uschloss un den neie Quartier Metzeschmelz kréie soll. D'Aarbechten, fir déi 30 Milliounen Euro virgesi goufen, fänken 2025-26 un an dauere 5 Joer.[1]

D'Kulturfabrik haut änneren

Ekipement änneren

D'Kulturfabrik huet am Ganzen eng Notzfläch vu 4500 . Dës verdeelt sech op:

  • Grousse Sall (950 Stéiplazen/270 Sëtzplazen)
  • Klenge Sall (250 Stéiplazen)
  • Ratelach fir literaresch Owender (35 Plazen)
  • Galerie Terres Rouges (Ausstellungen)
  • Sechs Proufsäll fir Museksgruppen
  • 3 Raimlechkeete fir Atelieren, Workshoppen, Formatiounen a Prouwe fir Theatergesellschaften
  • Keramikatelier

Do derbäikommen och nach:

Programmatioun änneren

D'Kulturfabrik organiséiert (oder ko-organiséiert) am Joer eng 250 Manifestatioune bannent a baussent dem Site selwer. Dobäi sinn och grenziwwerschreidend Projeten (Festival du film italien de Villerupt, Autour de Taslima Nasreen, Regards sur le cinéma, Textes sans frontières, …)

Proposéiert gëtt:

  • Aktuell Musek
  • World Music
  • Theater an szenesch Liesungen
  • Nei Clownen
  • Filmer (Festival du film italien de Villerupt)
  • Literatur (ë. a. zweesproocheg Literaturzäitschrëft “Transkrit”)
  • Konferenzen
  • Bistro-philo
  • Afrikaneschen Danz a Perkussiounsworkshops

Festivallen:

  • Out Of The Crowd Festival
  • FlamencoFestival Esch
  • AfrikaFestival Esch
  • Clowns In Progress
  • Bang Your Head

D'Kulturfabrik huet d'Missioun, sech ëm kënschtleresch Aktivitéiten a pedagogesch Projeten ze bekëmmeren an d'Kreatioun z'ënnerstëtzen, besonnesch och déi vu jonken Talenter. Si ass weiderhin en Zentrum fir Empfang a Kreatioun, Kënschtlerresidenzen a fir nohalteg Entwécklung.[2]

D'Gruppen, déi an de Studioe prouwen:

  • Chief Mart's, Mutiny on the Bounty, Artaban, Mount Stealth, Scarred, Abstract Rapture...

Artisten déi an der Kulturfabrik opgetruede sinn änneren

  • Queens of the Stone Age, A Silver Mount Zion, Mono, Suicidal Tendencies, Monster Magnet, Motorpsycho, Apocalyptica, King's X, The Gathering, Dream Theater, Fu Manchu, The Black Dahlia Murder, Forward Russia, Morbid Angel, Modest Mouse, Testament, Broken Social Scene, Red Sparowes, Battles, Cult of Luna, Architects, Unearth, PVT, Poison the Well, The Notwist, Clutch, Parkway Drive, Tortoise, The Melvins, Wax Tailor, Imogen Heap, Katatonia, IAMX, 65daysofstatic, Bolt Thrower, CocoRosie, Iron & Wine, Bonobo[3], Asking Alexandria, Envy, Beatsteaks, Fink, Meshuggah, Gentleman, Julian Marley, Ky-Mani Marley, Barrington Levy, Einstürzende Neubauten, Jon Spencer, Sophie Hunger...
  • An der Welt vum Flamenco: Manolo Franco, Marie-Josée Franco, Antonio Serrano, Andrès Pena, Pedro Ricardo Mino, Gualberto Garcia, Segundo Falcon, Patricia Guerrero, Fran Espinosa, Olga Pericet, Pastora Galván, Leonor Leal, La Tremendita, La Lupi, Javier Baron, Rafael Campallo, Fuensanta La Moneta, Belén Maya.
  • Duerstellend Konscht: Cie Les Matapeste, Calixte de Nigremont, Clowns vum Zirkus Hanoï. Clowns vum Zirkus Sankt-Petersburg, Francis Albiero, Isabelle Wéry, Ludor Citrik, Colette Migné, Gilles Defacques, Alan Fairbairn, Guraï et Asli, Isabelle Lemetay, Michel Deltruc, Sébastien Coste, Camille Perrin, Antoine Arlot, Didier Barrois, Julien Bogenschütz, Véronique Mougin & Michel Deltruc, Bonaventure Gacon, Alba Sarraute, Heinzi Lorenzen, Constantin Cojocaru, Marja Leena Junker, Andrei Elek, Valéry Plancke, Elena Popa, Luc Schiltz, Josiane Peiffer, Martin Engler, Pitt Simon, Marc Baum, Soren Evinson, Claire Thill, Luc Spada, Maëlle Giovanetti, Roch-Antoine Albaladéjo, Lorène Ehrmann, Jérémie Graine, Héloïse Levain, Jean-François Wolff
  • Moler, Fotografen, Kënschtler: Diane Jodes, The'd Johanns, Sonja Schönberger, Véronique Kolber, René Gillain, Marcel Wolff, Tim Battin, Frauke Hänle & Claus Kienle, Sébastien Cuvelier, Slava Mogutin, Atelier d'Empreinte, Collectif Marges Flottantes, Atelier créatif Jardin de Wiltz, Yvon Lambert.

Literatur änneren

  • Fabien Rodrigues: "Esch sinn Kufa!" In: d'Lëtzebuerger Land Nr.29, 20. Juli 2018, S.16-17.

Um Spaweck änneren

Commons: Kulturzentrum Kulturfabrik – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Claudia Kollwelter: "5 Joer Chantier: D'Kulturfabrik gëtt renovéiert an ausgebaut." rtl.lu, 28.09.2023.
  2. luxemburger Wort, 3 octobre 2013, édition Saint-Paul Luxembourg, page 12.
  3. Lëtzebuerger Journal, 29 septembre 2013, p. 24.