Demo (Musek)
Eng Demo, och nach Demotape genannt, ass am Musek- a Filmgeschäft eng Opnam, déi vu Museker oder Schauspiller aus Aarbechtsprouwen als Promotiounsmaterial zesummegestallt gëtt.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c5/Blashrky_demotape.jpg/220px-Blashrky_demotape.jpg)
An der Musek ass eng Demo meescht eng reng Audioopnam vun engem op einfachem techneschen Niveau produzéierte Musekstéck. Bei engem Schauspiller setzt sech eng Demo aus Ausschnëtter vun zum Beispill Film- oder Fernseeproduktiounen zesummen, an deenen déi Persoun matgewierkt huet. Eng Demo gëtt also net opgeholl, fir verëffentlecht ze ginn; si déngt just als Referenz a soll, wéi den Numm et scho seet, dat musikalescht oder schauspillerescht Kënne vun der Persoun oder der Grupp demonstréieren. Als Presentatioun gëtt d'Demo dann u Kënschtleragencen, Film- oder Musekproduzenten, Organisateuren, Mediefirmen a Plackelabelen gescheckt oder am Internet publizéiert, fir de Leit en éischten Androck vun der Fäegkeeten, dem Stil oder der Zouuerdnung vun engem Kënschtler ze vermëttelen.