Lost in Pain

lëtzebuergesch Heavy-Metal-Band

Lost in Pain war eng lëtzebuergesch Heavy-Metal-Band, déi tëscht 2008 an 2022 aktiv war.

Lost in Pain
Museksgenre Heavy Metal
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2008
Trennung 2022
Websäit Facebook
Memberen Hugo Nogueira Centeno (Gesank, Éischt Gittar)
Dario Raguso (Gittar)
Luca Daresta (Batterie)
Andy Fixmer (Bass-Gittar) (2008-10)
Nathalie Haas (Bass-Gittar) (2010-19)
Jimmy Maltez (Bass-Gittar) (2019-22)

Geschicht änneren

Si gouf 2008 vum deemools 15-järege Sänger a Gittarist Hugo Nogueira Centeno zu Nidderkuer gegrënnt. Zur éischter Formatioun hunn och nach de Gittarist Dario Raguso, de Batteur Luca Daresta an de Bassist Andy Fixmer gehéiert. D'Joer drop huet Lost in Pain déi éischt Editioun vum Rock the South gewonnen, wat et hinnen erlaabt huet, mam Charel Stoltz en éischten Demotape opzehuelen.[1]

D'Natalie Haas huet den Andy Fixmer 2010 als Bassistin ersat. Am selwechte Joer hu si um Screaming Fields de Präis fir déi bescht Live-Performance gewonnen a kruten d'Chance, um On Stéitsch opzetrieden.[2] 2011 huet d'Grupp dunn hiren éischten Album mam selwechten Numm erausbruecht.[3]

No iwwer 200 Concerten am Ausland an zu Lëtzebuerg, dorënner um Food for Your Senses, Rock um Knuedler, Terres Rouges an um Rock-A-Field, gouf 2015 den zweeten Album Plague Inc. am Club vun der Rockhal virgestallt.[4] E koum um Label Noiseworks Records eraus a gouf vum Yann Klymezik produzéiert an zu Däitsch-Oth opgeholl.[5] Greed a Gone goufen als Single ausgekoppelt.

Den drëtten a leschten Album, Gold Hunters (2018), gouf mam Charel Stolz opgeholl a vun him gemëscht, a vum Tom Gatti gemastert. En inspiréiert sech un der mesopotamescher Mythologie an den Anunnaki, de Gëtter vun der Ënnerwelt.[1]

2019 gouf den Jimmy Maltez den neie Bassist.

No zwee Joer Paus huet Lost in Pain am September 2022 hir Trennung annoncéiert an e leschte Concert de 17. Dezember 2022 um "Hall-O-Metal"-Festival zu Déifferdeng gespillt.

Diskografie änneren

Albumen änneren

  • 2011: Lost in Pain
  • 2015: Plague Inc.
  • 2018: Gold Hunters

Demoen änneren

  • 2009: Stronger Than Never

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 rtl.lu: Eastcoast-Festival mam Headliner Emil Bulls (18. Juli 2018)
  2. Texas mit Greatest Hits Tour Headliner desFestivals Rock um Knuedler 2011 in Luxemburg , Pressecommuniqué vum Luxembourg City Tourist Office Luxemburg, (27. Juni 2011)
  3. lessentiel.lu: Lost in Pain célèbre avec brio son 1er album (11. September 2011)
  4. wort.lu: Et de deux pour Lost in Pain! (20. Januar 2015)
  5. Den Album op Bandcamp