Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg

lëtzebuergesch Gewerkschaft
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg (OGB-L)[1] ass, no eegenen Aussoen[2] (2019), mat eppes iwwer 70.000 Memberen déi bei wäitem gréisst Lëtzebuerger Gewerkschaft.

Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg
Ofkierzung OGB-L
Zweck Gewerkschaft
Grënnungsdatum 1979
Memberen 70.000
Sëtz 60, Boulevard J.F. Kennedy
L-4170 Esch-Uelzecht
President Nora Back
Websäit www.ogbl.lu
Eng Delegatioun vum OGB-L bei Protester géint dem Barroso seng neo-liberal Politik, Bréissel 2010.

En ass 1979 ervirgaangen aus dem Lëtzebuerger Aarbechter Verband (LAV) an der Fédération des employés privés (FEP). Duerno sinn d'Schoulmeeschtergewerkschaft FGIL, d'Gewerkschaft vun de Beruffschaufferen ACAL an d'Buchaarbechtergewerkschaft FLTL deem neie Verband bäigetrueden.

Den OGB-L setzt sech aus 15 Beruffssyndikater zesummen:

  • Ernierung an Hotellerie
  • Zivilaviatioun
  • Banken an Assurancen
  • Bau, Bauhandwierk a Metallbau
  • Holz, Gummi, Keramik, Chimie, Zement, Pabeier, Plastik, Textilien a Glas
  • Handel
  • Erzéiung a Wëssenschaft
  • Drock, Medien a Kultur
  • Gesondheet, Sozial- an Erzéiungsdéngschtleeschtungen
  • Déngschtleeschtungen an Energie
  • Privat Botz-, Hygien- an Ëmweltdéngschtleeschter
  • Ëffentlech Servicer
  • Siderurgie a Biergbau
  • Verschaffe vu Metall a Garagen
  • Stroossentransport.

Presidenten änneren

Generalsekretären änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. am Handelsregëster agedroen als OGB·L-Solidarité syndicale Asbl (F2727) zanter dem 4. Juli 2006
  2. Syndicat numéro 1 au Luxembourg Gearchiveerd op 2019-06-26. Gekuckt de(n) 2019-06-26.
  3. Ende einer Ära: André Roeltgen zeigt die Kunst des gelungenen Abgangs, tageblatt.lu 3. Abrëll 2019
  4. "Reding iwwergëtt haut u Roeltgen". rtl.lu, leschten Update: 05.12.2014, 09:43:08.
  5. "Nora Back gëtt nei Generalsekretärin vum OGBL." rtl.lu, 03.07.2018, 19:14:33.
  6. André Roeltgen à la tête de l'OGBL op paperjam.lu vum 5.12.2014