Cool Feet

lëtzebuergesch Musekgrupp

Cool Feet ass eng lëtzebuergesch Rock- a Popgrupp.

Cool Feet
Museksgenre Rock, Pop-Rock, Hard Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1968
Aktuell Memberen Rich Ruppel (Batterie)
Blaise
Romain Goergen (Gittar, Gesank)
Chouch Schintgen (Bass)
Rom Bernard (Gesank)
Guy Heintz (Gittar)
Märten Versall (Batterie)
Bernard Wrinq

Geschicht änneren

De Grupp gouf Enn 1968 vum Rich Ruppel (Batterie), Romain Goergen (Gittar) a Mike Nash (Bass/Gesank) gegrënnt. Am Ufank huet Cool Feet als Trio en zimmlech rauen Hard-Rock gespillt. Am Laf vun der Zäit si Leit bäikomm an d'Membere vun der Grupp hunn dacks gewiesselt. Och de Musekstil huet sech geännert an d'Sprooch vun de Lidder huet vun Englesch op Lëtzebuergesch gewiesselt.

1975 ass déi éischt Single opgeholl ginn, wou d'Lidder Mister a Woman drop waren. An der Grupp waren deemools Blaise, Goergen, Ruppel a Schintgen.

1978 hu se zu Köln hir éischt LP Burning Desire opgeholl. 1980 koum dann nach eng Single eraus mat de Lidder To Hell and Back an Alone in Your Cage.

1983 huet d'Grupp hir 15 Joer mat engem Concert am Walfer Kulturzentrum gefeiert. Mä vun 1984 si se net méi opgetrueden an et huet ausgesi wéi wann et d'Grupp net méi géif ginn.

1990 si se allerdéngs mat follgender Besetzung nees opgedaucht: Rom Bernard, Chouch Schintgen, Guy Heintz, Rich Ruppel.

1993 ass hiert Lidd Drénkt e Patt op mech vun hirer CD Bistro wärend dräi Méint op den éischte Plazen an der nationaler Hitparade. Och déi nächst CD Party a besonnesch d'Lidd Hey du kënnt gutt u beim Publikum.

No der drëtter CD Lët'z rock 1994 verléisst de Rich Ruppel d'Grupp a gëtt ersat duerch de Märten Versall. Am November 1994 hält och de Guy Heintz op a gëtt duerch de Bernard Wrinq ersat.

Zanter 1992 hu si eng 18 Disken erausbruecht. Si ware virun allem an den 90er Joren zimmlech aktiv an der Lëtzebuerger Museksszeen, an de leschte Joren ass et méi roueg ginn.

Discographie änneren

Singelen änneren

  • 1976: Mister/Woman
  • 1980: Alone in Your Cage/To Hell and Back
  • 1980: Oh Häerzi, do deng Nues mol aus/Mäi beschte Frënd (zesumme mam Aly Bintz)
  • 1990: Ketty huel de Fändel raus/Roude Léiw huel se

Albumen (LP/CD) änneren

  • 1978: Burning Desire (LP)
  • 1992: Bistro
  • 1993: Party
  • 1993: Rock um Knuedler Vol. 3 (Lidder 5 a 6)
  • 1994: Lët'z Rock
  • 1994: ...fir jiddereen
  • 1994: Rock de Kleeschen
  • 1995: Cool Tour
  • 1996: Cool Fetti
  • 1996: Freedefeier
  • 1996: Live
  • 1997: CD Soundtrack Back in Trouble
  • 1998: Cool Feet 30th Anniversary
  • 1999: De Metty mat de Cool Feet
  • 2001: Nëmmen weinst dir
  • 2003: Luxemburgänsia
  • 2006: Best of Party

Literatur änneren

  • Cool Feet: "A wann der Blummen op d'Bün geheit, wann ech gelift ouni Dëppen!", 2023, Édition Artipub, ISBN 978-99959-0-590-3
  • Hoerold, Pit a Goergen, Romain: Cool Feet, déi populäerst Lëtzebuerger Rockbänd vun allen Zäiten, 2003, Imprimerie St. Paul, Lëtzebuerg, ISBN 2-9599857-0-2
  • Haas, Luke: Lëtzebuerger Rocklexikon II (1987-1994), 1995, Éditions Revue, ISBN 2-919999-03-6
  • Haas, Luke: Lëtzebuerger Rocklexikon, 1988, Éditions Phi, ISBN 3-88865-064-X

Um Spawek änneren