Luke Haas
lëtzebuergesche Rockmuseker a Comickënschtler
De Lucien Haas, besser bekannt als Luke Haas, gebuer de 17. Mee 1949 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 14. Dezember 2015[1], war e lëtzebuergesche Rockmuseker an a sengem Beräich zemools am Süde vum Land bekannt.
Luke Haas | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Lucien Haas |
Gebuer |
17. Mee 1949 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen | 14. Dezember 2015 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Museker, Comicauteur |
![]() |
Donieft hat de Luke Haas sech och en Numm als Chronist souwuel vun de lëtzebuergescher Rockmusek, wéi och vun der lëtzebuergescher Comiczeen gemaach. Hien huet selwer och verschidde Comics gezeechent a fir däitsch Comic-Editeuren Iwwersetzungen aus dem Franséische gemaach.
Discographie Änneren
- 1986 One good man (Vinyl Single) Luke Haas Gang
- 1993,...so long (Album)
- 1995, The Luke Haas Story 1969 - 1995 (Album)
- 1998, Same Old Story (EP)
- 2010, Hannergedanken? (Album)
- 2013, About Love (Album)
Wierker Änneren
- Haas, Luke, 1982, Luxemburgs Rock Story (1959-1982), Éditions John Schmit, Capellen, 160 S.
- Haas, Luke, 1988, Lëtzebuerger Rocklexikon, Éditions Phi, 190 S.
- Haas, Luke, 1995, Lëtzebuerger Rocklexikon II (1987-1994), 176 S.
- Haas, Luke, 2007, Comics in, aus und über Luxemburg, Éditions Schortgen (Chronik), 378 S., ISBN 978-2-87953-046-8
Um Spaweck Änneren
Commons: Luke Haas – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Interview vum November 2006 um Uelzechtkanal
Referenzen Änneren
- ↑ "Im Alter von 66 Jahren gestorben: Luke Haas, eine Luxemburger Rockerseele." wort.lu, 15. Dezember 2015 um 09:50.