Filmland

Filmstudio an der Industriezon vun der Gemeng Kielen, deen 2012 formell gegrënnt gouf

D'Filmland ass e Filmstudio an der Industriezon vun der Gemeng Kielen, deen 2012 formell gegrënnt gouf. Et ass e sougenannte "One-Stop-Shop", dat heescht datt e Film do komplett produzéiert ka ginn, vun de Virbereedungen iwwer Dréiaarbechte bis hin zur Postproduktioun.[2]

Filmland S.A.
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 8. Mee 2012[1]
Sëtz 25-27 Zone industrielle de Kehlen
L-8287 Kielen
Lëtzebuerg
Branche Filmindustrie
Homepage www.filmland.lu

De Site änneren

D'Kärstéck vum Site sinn dräi Plateauen:

  • ee vun 1.000 m² Fläch, mat enger Héicht vu bis zu 10,5 m, mat engem Waaserbaséng vu 6 op 4 m, deen 3 m déif ass;
  • ee vu 550 m² a 7 m Héicht, och mat engem Baséng vun der selwechter Gréisst;
  • ee vun 1 000 m² Fläch an 10,5 m Héicht, mat Greenscreen.

Do dernieft sinn 2 Ateliere fir Kulissen, Büroe fir d'Administratioun um Set a Logë fir d'Schauspiller.[3] Am Filmland ginn och Zerwisser fir d'Postproduktioun ugebueden, zum Beispill fir de Montage, d'Tounmëschung an Digital Spezialeffekter, déi all vu spezialiséierte Firmen ugebuede ginn. Och Déngschleeschtungsfirme sinn um Site aktiv a bidde Maquillage, Setfotografie, a Verwäertung vun den Droits dérivés un.

Geschicht änneren

Well d'Lëtzebuerger Filmindustrie zënter den 1990er ëmmer méi gewuess war, war et néideg ginn, e gréissere Filmstudio zu Lëtzebuerg opzebauen. Ufanks gouf et d'Iddi, deen an de fréiere Gebaier vun der Arbed zu Diddeleng ze plangen, mee doraus ass näischt ginn. Éischtens, well et huet misse gekläert ginn, wien de Besëtzer ass, an zweetens, well et ze deier gi wier fir de Buedem ze entgëften.[4][5] Duerno gouf en temporäre Studio an de fréieren TDK-Halen zu Nidderkäerjeng ageriicht.[6]

De Filmproduzent Nicolas Steil hat sech an Tëschenzäit mat senger Produktiounsgesellschaft Iris zu Kielen etabléiert. E privaten Investisseur hat him dunn ugebueden, Hale fir e grousse Filmstudio ze bauen, déi d'Produktiounsgesellschaften da kéinte lounen. Esou hu sech sechs Produktiounsgesellschaften zesummegedoen an d'Hale vum aktuelle Filmland goufe gebaut. Déi sechs Entreprise ware Bidibul Productions, Iris Productions, Lucil Film, Paul Thiltges Distributions, Codeca (Samsa Film) an Tarantula.[7] Um Site sinn zënterhir och d'Produktiounsgesellschaften Deal Productions a Bac Cinema aktiv.[8]

Déi éischt zwéi Filmer, déi am Filmland gedréint goufen, waren Divine enfant an Amour fou.[9]

Soss änneren

Och zu Conter goufen et deemools nach d'Filmstudioe vun der Produktiounsgesellschaft Delux Productions, déi awer 2014 Faillit gemaach huet.[10][11]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. wort.lu: Filmland: un air d'Hollywood à... Kehlen (14. Mäerz 2013)
  2. luxtimes.lu: Filmland offers one stop shop for movie production in Luxembourg (14. Mäerz 2013)
  3. One Stop Shop. filmland.lu, gekuckt 2021-12-25.
  4. lessentiel.lu: Fast so mysteriös wie im Film vum (19. September 2012)
  5. Das Ding ist im Kasten vum Akim Schmit, Tageblatt, 15. Mäerz 2013, nR 63, Säit; hei
  6. land.lu: Luxembourg Filmland vum Josée Hansen (24. August 2012)
  7. wort.lu: Filmland: Ein Hauch von Hollywood in Kehlen (14. Mäerz 2013)
  8. Companies. filmland.lu, gekuckt 2021-12-25.
  9. lessentiel.lu: Hier macht Luxemburg künftig Kino (14. Mäerz 2013)
  10. land.lu: L'âge adulte vum Josée Hansen (27. Januar 2000)
  11. paperjam.lu: Delux Productions en faillite vum Véronique Poujol (17. Mee 2014)