L'essentiel

lëtzebuergesch Gratisdageszeitung

L'essentiel ass eng lëtzebuergesch Gratisdageszeitung a franséischer Sprooch, déi zanter dem 10. Oktober 2007 un a Verdeelerkëschte läit. Si gëtt vum Verlag EDITA SA vun Déifferdeng erausginn, enger Duechtergesllschaft vun Editpress an der Schwäizer Tamedia.

L'essentiel-Verdeelerkëscht an der Mamer Gare de 5. Oktober 2007
Dekoratioun an der Entrée vun der Gebléishal um Belval den 10. Oktober 2007 bei der Receptioun bei Geleeënheet vun der éischter Nummer vu L'essentiel

Am Verwaltungsrot vun Edita sëtzen de Pietro Supino, de Martin Kall an de Marcel Kohler vun Tamedia an d'Danièle Fonck, den Alvin Sold an de Paul Hammelmann vun der Editpress.

Direkter ass den Emmanuel Fleig, an de Chefredakter ass de Said Kerrou (Denis Berche bis de Juli 2019), an de Responsabele vun der Distributioun ass d'Annick Charlier (Luc Melsen bis den 31. Dezember 2018). L'essentiel hat am Juni 2008 eng Oplo vu 82.000 Exemplairen, a läit mueres um 6 Auer a ronn 400 Verdeelerkëschten uechter d'Land. Am Joer 2014 louch d'Oplo bei ronn 107.700 Exemplairen, enger Verdeelung vun 102.500 Exemplairen an dat op méi 1200 Distributiounsplazen. Och a munnechen RGTR-Busse si méi kleng Busverdeelerkëschten. Doriwwer eraus gëtt et och Banneverdeelunge vun der Gratiszeitung a grousse Betriber, wéi Banken. De Verlag liwwert d'Zeitunge bis bei d'Receptioun, déi sech dann ëm d'Verdeele këmmert.

D'Zeitung ass op "de breede Public" ausgeriicht mat Horoskop a Rubricke wéi Luxembourg, Monde, Webpage, Sports a People.

Nieft der Pabeiereditioun gëtt et och L'Essentiel online a franséischer an daïtscher Sprooch an de L'essentiel Radio a franséischer Sprooch.

Oplo änneren

Zuel vun de verdeelten Exemplairen, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel confirméiert gouf:

0004/2008000 0004/2009000 0004/2010000
78.978[1] 88.849[1] 91.225[2]

Lieserstatistik änneren

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 130.000 Leit iwwer 15 Joer den Essentiel gelies (27,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: L'essentiel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Romain Hilgert: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäilag Communication, S. 10.
  2. Romain Hilgert: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäilag Communication, S.8.
  3. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.