Contacto ass eng portugiseschsproocheg Lëtzebuerger Wochenzeitung.

Logo vu Contacto

De Contacto ass fir d'éischt am Januar 1970 vun den Amizades Portugal-Luxemburgo erausgi ginn. Am Ufank war dat eemol am Mount. Eng Zäit laang ass en a Portugal gedréckt ginn. Bis zu der Oeilletsrevolutioun a Portugal, 1974, ënnerlouch en domat der Zensurkontroll vum Estado Novo-Regime[1].

1987 hunn d'Editions Saint-Paul de Contacto iwwerholl an en all véierzéng Deeg erausginn. Zanter Mäerz 1999 kënnt all Woch eng nei Editioun eraus. Vun 1996 bis 2016 gouf se gratis verdeelt[1].

Vu Februar 2011 bis Enn 2012 huet d'Equipe vum Contacto un der portugiseschsproochsger Editioun vu point24 matgeschafft, enger Gratiszeitung vum Groupe Saint-Paul, déi dono agestallt gouf.

De Contacto kritt keng staatlech Pressehëllef, well en ee Krittär dovun - op Lëtzebuergesch, Däitsch an/oder Franséisch geschriwwen ze sinn - net erfëllt[1].

Chefredakteren änneren

  • 1970-1987: Carlos de Pina (1970-1986) / Lucien Huss (fir d'Amitiés Portugal-Luxembourg)
  • 1978 - 2016: Belmiro Narino de Campos (Padre Belmiro), Editorialist
  • 1978-1995: Emile Rossler
  • 1995-2002: Gaston Roderes
  • 2002-2007: Marc Willière / Armand Thill, Responsabele vum Contacto bei der Direktioun vum Group Saint-Paul Luxembourg
  • 1996 - 2017: José Correia, responsable vun der Redaktioun (1996-2007) an duerno Chefredakter (2007-2017)

Zuelen änneren

De Contacto hat 2004 eng Oplo vu 24.000 Exemplairen. 2005/06 hunn, enger Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 10,7 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung (déi Portugisesch versteet) iwwer 15 Joer bannent enger Woch de Contacto gelies. Am Joer 2012 ass d'Oplo op zirka 30-35.000 Exemplairen eropgaangen.

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 54.300 Leit iwwer 15 Joer de Contacto gelies (11.3 % vun den Awunner)[2].

Literatur änneren

  • Suzana Lopes Cascão: "Espaço público." In: forum 326, Februar 2013, S.45-47.


Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Bernard Thomas: "Nouvelle vague." In: d'Lëtzebuerger Land 17. Mäerz 2017, Nr.11, S.29.
  2. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.