Veronica Ferres

däitsch Schauspillerin

D'Veronica Ferres, gebuer den 10. Juni 1965 zu Solingen als Veronika Maria Cäcilia Ferres, ass eng däitsch Schauspillerin. Dem grousse Public gouf si 1996 am däitschsproochege Raum duerch hir Haaptroll am Sönke Wortmann sengem Film Das Superweib bekannt.

Veronica Ferres
Portarit vun 2012
Gebuertsnumm Veronika Maria Cäcilie Ferres
Gebuer 10. Juni 1965
Solingen
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu München
Aktivitéit Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Helmut Dietl, Carsten Maschmeyer
Kand Lilly Krug
D'Ferres op der Berlinale 2017

No e puer Rollen am Theater huet hir Schauspillcarrière an Televisiounsfilmer a -serien ugefaangen, wou se an Die Zweite Heimat vum Edgar Reitz opgefall ass. E puer Joer laang gouf se op Rollen als mockelech-lackelech Blondine ge-typecast.

Nodeem se ofgeholl hat huet s'a Filmer wéi Schtonk!, Rossini - oder die mörderische Frage, wer mit wem schlief a Late Show vum Helmut Dietl matgespillt, mat deem se déi Zäit och eng Relatioun hat, oder an Das Superweib (1996), deen e grousse Succès am Kino war. Televisiounsfilmer aus där Zäit sinn Eine ungehorsame Frau (1998), Peter und Paul. Zënterdeems spillt si och an internationale Produktioune mat wéi Les Misérables, enger franséischer Tëleesserie aus dem Joer 2000.

An den 2000er Joren huet si virun allem an Tëleesfilmer matgespillt, wéi Die Manns - Ein Jahrhundertroman (2001), Annas Heimkehr (2003), Sterne leuchten auch am Tag (2004), Neger, Neger, Schornsteinfeger! (2005), Mein alter Freund Fritz an Das Ende der Eiszeit (2007), Die Frau vom Checkpoint Charlie (2008) oder Rosannas Tochter (2009); ma och a Kinosfilmer wéi Die wilden Hühner (2006), Klimt (2007), Das Wunder von Berlin (2008), Adam Resurrected (2008), Das Leben ist zu lang, Sie hat es verdient an Unter Bauern - Retter in der Nacht (2009).

Filmographie (Auswiel) änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Literatur änneren

  • Rolf Thissen: Veronica Ferres - Facetten eines Stars. Heyne, München 1999, ISBN 3-453-15356-1.

Um Spaweck änneren

Commons: Veronica Ferres – Biller, Videoen oder Audiodateien