Golden Globe Awards

Filmpräis

D' Golden Globe Awards sinn Auszeechnunge fir Exzellenz a Film an Televisioun an den USA an am Ausland, deen d'Hollywood Foreign Press Association (HFPA) all Joer erausgëtt.

D'Skulptur vum Golden Globe

D'Jury setzt sech aus iwwer 80 Membere vun der HFPA zesummen.

Zënter 1944 gëtt et Golden Globes fir Filmer, an zënter 1956 och fir Fernseeserien.

D'Präiszeremonie gëllt all Joer als eng vun de meescht gekuckten, mat deene vun den Academy Awards ("Oscar") an de Grammy Awards.

Tëscht 1951 an 1980 gouf et als Deel vun de Golden Globes och den Henrietta Award (och nach World Film Favorite) fir déi beléiftst Schauspillerin an de beléiftste Schauspiller.[1] Mat sechs Auszeechnunge krut d'Sophia Loren de Filmpräis am heefegsten.

Um Spaweck änneren

Commons: Golden Globe Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. The Henrietta Mystery Solved (26. August 2015)