Royal New Zealand Air Force
D'Royal New Zealand Airforce ass d'Loftwaff vun Neiséiland. Si gouf aus Unitéite vun der Royal Air Force zesummegestallt, an ass zanter 1923 eng eegestänneg Sträitkraaft.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/51/Roundel_of_New_Zealand.svg/220px-Roundel_of_New_Zealand.svg.png)
D'RNZAF war an en ettleche Kricher mat dobäi, wéi am Zweete Weltkrich, a Malaysia, am Vietnamkrich, am Zweete Golfkrich a bei verschiddene Séchertheetsmissioune fir de Fridde vun der UNO.
Haut huet RZNAF ronn 50 Fligeren, a stellt zanter 2001 keng militäresch Force méi duer. Hir Missioun ass op Séipatrullen an Transportaarbechte fir d'Arméi an d'Flott fixéiert.
Hir Devise ess déi selwecht wéi déi vun der RAF: Per ardua ad astra - Duerch Misär bei d'Stären.
RNZAF-Basen
änneren- Auckland
- Ohakea
- Woodbourne
Fligeren
ännerenSéipatrull/Search and Rescue
ännerenTransportfligeren
ännerenTrainingsfligeren
änneren- Pacific Aerospace CT-4E Airtrainer
- Bell 47 Sioux