D'Kierch zu Rëmeleng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Käldall Notre-Dame-des-Mineurs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Rëmeleng gehéiert.

Kierch vu Rëmeleng
Rëmelenger Kierch

Rëmelenger Kierch
Rëmelenger Kierch
Uertschaft / Plaz Rëmeleng
Par Käldall
Notre-Dame-des-Mineurs
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Sebastian
Konsekratioun 1896
Architekt(en) J.P. Knepper
Baujoer 1894-1896
Koordinaten 49° 27’ 39.4’’ N
      06° 01’ 45’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Sebastian († 288), deem säi Fest den 20. Januar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet matzen an der Uertschaft an der Grand-Rue, der N33.

De 16. September 2019 gouf proposéiert, firs'als nationaalt Monument ze klasséieren[1].

Beschreiwung vum Bau änneren

D'Kierch gouf no de Pläng vum Architekt Jean-Pierre Knepper (1851 - 1929) am neogotesche Stil gebaut. De 26. September 1896 ass se konsekréiert ginn.

Fir de Bau goufe Steng aus der Rëmelenger Steekaul "Wäiss Koll", haut: "Carrières Blanches" (Heed), benotzt. Se huet e véiereckegen Tuerm mat véier Stäck. Den Daach vun der Tuermspëtz ass aachteckeg an huet nach véier kleng Tiermercher.

D'Haaptpaart vun der Kierch ass am Tuerm. Op all Säit vum Haaptagank sinn nieft dem Tuerm nach zwéi Säitenagäng. Iwwer der Haaptdier ass e Bild vum Jesus (Christkinnek) an de Stee gemeesselt mat den Alpha an dem Omega an engem Chronogramm:

QVI CHRISTO SERVIS, VENI QVAESO, EX CORDE OREQVE SEBASTIANVM CoLE !

Déi déck gedréckte Buschtawen, stellen d'Baujoer 1895 duer. All eenzel réimesch Zuel gëtt zesummegerechent!

Op Lëtzebuergesch: Deen, deen's du Christus déngs, wgl. komm, veréier den hellege Sebastian mat Häerz a Mond!

Miwwel a Statuen änneren

 
Priedegtstullsdaach

De monumentalen neogoteschen Héichaltor am Chouer ass 1896 am Atelier vum Konschtschräiner Jean Decker vu Munneref entstanen. An der Mëtt steet den Tabernakel mat enger Nisch just uewendriwwer, déi geduecht ass fir d'Monstranz auszestellen. Just nieft dëser Nisch sinn op béide Säiten zwéin Engelen, déi op de Knéie bieden. A véier méi schmuelen Nische stinn nach véier Engelen. Op béide Säiten ass nach eng Nisch. An där vu riets steet eng Statu vum hellege Rochus († 1327) an op der lénkser Säit de Patréiner vun der Kierch, de Märtyrer Sebastian. Allenzwee goufe se zanter Joerhonnerten als Peschthelleg veréiert. Den Altor huet och nach geschnëtzte Biller: Fëschfang, Broutvermehrung, Melchisedek, déi lescht Owesmoolzecht, d'Affer vum Isaak duerch den Abraham. De Priedegtstull ass och räich sculptéiert. Hie besteet aus engem dräistäckege Schalldeckel an um Stull selwer sinn déi véier Statuette vun den Evangeliste mat hire Symboler. Um Réckstéck gëtt op Jesus Christus, de gudden Hiert higewisen.

Op deenen zwou Säite stinn zwéin Niewenaltär, déi am Atelier vum Rëmelenger Konschtschräiner Jean-Michel Weber († 1913) gemaach goufen. Um lénksen Altor si Statue vun der Maria Goretti, dem Häerz Jesu, an der réimescher Märtyrerin Agnes, ze gesinn. Um rietse sinn et d'Barbara, den hellege Jousef an den hellegen Aloysius (vu lénks no riets).

Am Chouer, deen an den 80er Jore vum leschte Joerhonnert no vir vergréissert gouf, steet den Dafsteen, den Altor, an den Ambo, déi allen dräi aus Minettsstee sinn. Den Atelier Poeckes huet dës Aarbecht ausgefouert.

Virum Chouer op der rietser Säit ass un der Säitemauer eng Skulptur vum Rëmelenger Kënschtler Albert Hames († 1989), si stellt de gekräizegte Jesus, mat der Maria, der Maria-Magdalena an dem Johannes duer, a staamt aus dem Joer 1937, d'Christusfigur ass awer am Joer 1980 nei geschaf ginn.

Just vis-à-vis op der Mauer ass eng Statu vun der Helleger Thérèse vu Lisieux.

Hannen an der Kierch sinn nach zwou kleng Kapellen. An enger steet eng Pietà, an an der anerer d'Helleg Barbara, d'Patréinesch vun de Biergaarbechter. An an der Haaptentrée, den hellegen Antonius an och den hellegen Eligius (Patréiner vun de Metallbeaarbechter).

Fir Chrëschtdag gëtt all Joer eng Krëpp opgeriicht, D'Figure sinn aus Wuess a Pabeier, se si viru kuerzem vu belsche Schwëstere restauréiert ginn.

Klacken änneren

Am Klackestull hänke véier Klacken mat der Dispositioun Lab2 réb3 mib3 fa3 / As° des' es' f'. Déi 3 kleng goufen 1896 vun der Klackegéisserei Bour & A. Guenser gegoss. De Bourdon ass der Tréischterin am Leed an dem hellege Willibrord geweit a gouf 1946 an der Klackegéisserei H. Rüetschi zu Aarau an der Schwäiz gegoss. Dee Kaddo verdankt d'Kierch dem Geschäftsmann Léon Berens vu Rëmeleng[2] an ass als Merci fir d'Befreiung vu Lëtzebuerg um Enn vum Zweete Weltkrich geduecht.

Op Feierdeeg gëtt nach e klengt Klackespill spille gelooss.

Uergel änneren

 
Den Duxall mat der Uergel

Am Joer 1904 krut d'Kierch hir éischten Uergel. An engem neo-goteschen Uergelprospekt huet d'Firma Dalstein & Haerpfer vu Boulay aus Loutrengen en Haaptwierk, e Schwellwierk a Pedall mat pneumatescher Traktur gebaut mat 2 Manualer.

Vun der Uergelmanufaktur Haupt vu Lëntgen gouf d'Uergel 1954 op dräi Manualer vergréissert a krut eng elektresch Traktur. Dozou koum nach e Fräipäifeprospekt, deen ale vun 1904 gouf erhalen.

Am Joer 2000 gouf d'Uergel restauréiert. Dës Aarbechte goufe vun der Firma "Mitteldeutscher Orgelbau A. Voigt G.m.b.H. vu Bad Liebenwerda, Däitschland, gemaach.

Glasmolereien änneren

D'Glasmolereie stamen aus dem bekannte Glasatelier Pierre-Hippolyte Linster (1863 - 1906) vu Munneref. Déi grouss Fënsteren aus der Rëmelenger Kierch gehéieren zu deene schéinste Leeschtungen aus dem Atelier Linster. E puer Fënstere si leider net méi do, well se entweeder am Krich futti gaange sinn, oder einfach duerch e Manktem u Versteesdemech ausgetosch gi sinn. Am Chouer an op de Säite fanne mir Zeenen aus dem Liewe (Legend) vum hellege Sebastian.

Wandmolereien änneren

Nodeem d'Kierch fäerdeg gestallt war ass se bannen einfach wäiss-gro verbotzt ginn. Eréischt 1931/1932 sinn d'Wandmolereie vum Moler Nicolas Brücher entstanen. Si goufen zu engem groussen Deel nees einfach duerch en Ustrach iwwermolt. Renovéiert goufe se vum Leo Olinger vu Waasserbëlleg, et gouf probéiert se nees an deen Zoustand ze sëtzen, an deem se an den drësseger Jore vum leschte Joerhonnert waren. Zeenen aus der Bibel vum Jesus sengem Liewe si grouss duergestallt, an och aus dem Alen Testament fanne mir Biller. Laanscht d'Säitemauere sinn och nach Nimm vun den 12 Apostelen an de Motiver vun der Molerei ernimmt.

Literatur zum Theema änneren

  • Jubliäumsfeier und Orgelweihe der Pfarrei Rümelingen, 19. Dezember 1954
  • Schnell, Kunstführer Nr 2569 ISBN 3-7954-6519-2
  • Michel Schmitt, Rumelange: Eglise Saint-Sébastien, Regensburg: Schnell & Steiner, 2004 (Luxembourg: Impr. Saint-Paul), 19 Säiten, Schnell, guide d'art; Nr 2569, ISBN 3-7954-6520-6

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Rëmeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Luxemburger Wort, Nr. 31 vum 31 Januar 1947 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2017-11-15.