D'Wuert Chronogramm kënnt aus dem Griicheschen, a setzt sech zesummen aus de Wierder fir Zäit a Schrëft.

Chronogramm an der Rue des Glacis an der Stad Lëtzebuerg mat der Joreszuel 1850.

E Chronogramm ass e Saz, Vers oder Sproch, an deem eng Zuel verstoppt ass. Et ka sech ëm d'Baujoer vun engem Gebai handelen. Dëse Saz gëtt sou geschriwwen, dat déi Buschtawen déi kënnen zesummegezielt ginn, erausstiechen, sief et datt se méi grouss geschriwwe ginn oder eng aner Faarf kréien. Meeschtens sti Chronogrammen op alen Dokumenter oder Gebaier, wéi och op Kierchen. Well et sech ëm réimesch Zuelen handelt, gëtt och de Saz meeschtens op Latäin geschriwwen.

Beispiller änneren

Mir liesen do: QVI CHRISTO SERVIS, VENI QVAESO, EX CORDE OREQVE SEBASTIANVM COLE !
V+I+C+I+V+I+V+I+V+X+C+D+V+I+V+M+C+L = 5+1+100+1+5+1+5+1+5+10+100+500+5+1+5+1000+100+50= 1895
Op lëtzebuergesch: Deen, deen's du Christus dings, wgl. komm, veréier den Hellege Sébastien mat Häerz a Mond!
FIT VIA VI COLLES DISCEDITE, SVRGITE VALLES. ASCENSV FACILI SVPERET IVGA CELSA VIATOR
aus deem d'Joreszuel 1850 erauszeliesen ass:
I+V+I+V+I+C+L+L+D+I+C+D+I+V+I+V+L+L+C+V+C+I+L+I+V+I+V+C+L+V+I
1+5+1+5+1+100+50+50+500+1+100+500+1+5+1+5+50+50+100+5+100+1+50+1+5+1+5+100+50+5+1 = 1850
  • En Neijoerschdagswonsch vum Wiki als Chronogramm
wIkI: "e froVe ChresChtDag, zefrIDDenheet an e gLéCkLeCht neIt Ioer"
I + I + V + C + C + D + I + D + D + L + C + L + C + I + I = 2010
  • BONVM ANNVM: V + M + V + M = 2010

Groussherzogleche Palais, 1993 änneren

   

Literatur zum Theema änneren

  • Hilton, James, Chronograms, 5000 and more in number, excerpted out of various authors and collected at many places, Elliot Stock, London,, 1882.
  • Hilton, James Chronograms, continued and concluded, more than 5000 in number, a supplement volume to ‘Chronograms,’ published in the year 1882, Elliot Stock, London, 1885.
  • Hilton, James, Chronograms, Collected more than 4000 in number since the publication of the two preceeding volumes in 1882 and 1885, Elliot Stock, London, 1895.
    • Den James Hilton ass dee bekanntste Sammler vu Chronogrammen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Chronogrammen – Biller, Videoen oder Audiodateien