Eng Krëppchen ass eng Duerstellung, mat Hëllef vu Figuren, vun der Chrëschtdagsgeschicht. Den Numm kënnt vun der Fudderkrëpp an déi, dem Lukasevangelium (Lk 2,7) no, d'Jesuskand geluecht gouf.

Krëppchen
Krëppchen an der Bartrenger Kierch 2005
Krëppefiguren aus der Provence
Krëppchen an der Kierch zu Schëtter

Krëppercher fënnt ee souwuel a Wunnenge wéi a Kierchen, se ginn am Laf vum Advent opgeriicht an dacks eréischt op Helleger Owend duerch d'Figur vum Jesuskand komplettéiert. Déi duergestallt Zeen ka sech an enger orientalescher, europäescher oder enger Landschaft déi där Géigend wou déi entspriechend Krëppchen ass, ofspillen. Als Ënnerstand fënnt ee meeschtens e Stall oder eng Hiel.

Figure bei der Krëppchen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Krëppercher – Biller, Videoen oder Audiodateien